Knuet (Astronomie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Kniet nennt een d'Schnëttpunkte vun der Bunn vun engem astronomeschen Objet mat engem Bezuchsplang (am Sonnesystem meeschtens den Ekliptikplang).

Kepleresch Planéitebunn. D'Schnëttlinn vun der grénger an der bloer Fläch markéiert d'Knuetlinn.
(Den Ekliptikplang als Referenzfläch ass e Spezialfall)

De Punkt, op deem d'Bunn de Bezuchsplang vu Süden no Norden duerchstéisst, heescht eropklammende Knuet. De Punkt, un deem d'Bunn de Bezuchsplang vun Norden no Süden duerchstéisst, heescht erofklammende Knuet. Norde bezeechent dobäi d'Nordrichtung vun der Äerdachs. Wann de Bezuchsplang a kengem Zesummenhank mat der Ekliptik steet, da gëtt eng vergläichbar aner Definitioun fir Erop- an Erofklamme gewielt.

D'Verbindungslinn vun de béide Kniet ass d'Knuetlinn.

D'Lag vum eropklammende Knuet a Bezuch zum Fréijoerspunkt, d'Argument vum Knuet d'Knuetlängt, hei an der Graphik mat ☊ bezeechent, an d'Lag vun der Ellipsespëtzt zu der Knuetlinn, d'Argument vun der Periapsis (ω), sinn zwee Bunnelementer.

Den Zäitraum tëscht zwéin Duerchgäng vun engem Himmelskierper duerch deselwechte Knuet ass d'Drakonitesch Period.

Wann de Knuet mat enger Konjunktioun zesummefält da féiert dat zu enger Bedeckung, also engem Transit oder enger Okkultatioun:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung, Spektrum Akademischer Verlag, 2. Oplo 2000, ISBN 3-8274-0574-2, S. 171
  • Joachim Krautter et al: Meyers Handbuch Weltall, Meyers Lexikonverlag, 7. Oplo 1994, ISBN 3-411-07757-3, S. 24, 90ff