Ënnescht Konjunktioun

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Konjunktiounen

Als Ënnescht Konjunktioun bezeechent een dat Himmelsevenement, bei deem e bannenzege Planéit am Laf vu senger Bunnbewegung tëscht dem Observateur an der Sonn steet. Den Observateur gesäit da seng onbeliicht Säit (sou wéi bei Neimound) an de Planéit zitt, meeschtens onobservéiert, nërdlech oder südlech laanscht d'Sonn.

A Bezuch zu der Äerd gëtt et nëmmen zwéi bannenzeg Planéiten - de Merkur an d'Venus. Wéinst ënnerschiddleche Bunnschréiegten par Rapport zu der Äerd kënnt et nëmme rar zu engem direkte Laanschtzéie vun dëse Planéite virun der Sonnescheif. Merkurduerchgäng gëtt et ongeféier all Joerzéngt, Venusduerchgäng maximal 2 pro Joerhonnert.

D'Astronomen definéieren als Ënnescht Konjunktioun deen Zäitpunkt, an deem de Planéit déiselwecht ekliptikal Längt wéi d'Sonn huet, wat dem Ament vun der klengster Wénkeldistanz entsprécht.

Bei eisem direkte Nopeschplanéit Venus kann de Venusduerchgank bis zu 9,5 Grad nërdlech oder südlech vun der Sonn gekuckt ginn. Theoretesch huet de Planéit dann eng ganz schmuel Séchelform, déi awer duerch d'Liichtbriechung an der décker Venusatmosphär méi breet gëtt (kuckt och Dichotomie). Well déi der Äerd zougedréit Säit vun der Venus net ganz onbeliicht ass, ka si an engem gudden Teleskop fir e puer Deeg souwuel um Muereshimmel- wéi och um Oweshimmel gesi ginn.

Wann eng Ënnescht Konjunktioun an der Géigend vu Bunnkniet vun der Merkur- oder Venusbunn virkënnt, da kënne bei deem Evenement de Merkur oder d'Venus virun der Sonnescheif laanscht zéien; et kënnt dann zu engem sougenannte Merkur- respektiv Venusduerchgank. Dobäi ass et méiglech, si mat gëeegnete Sonnenobservatiounsinstrumenter als kleng, déifschwaarz Scheifchen z'observéieren, déi vun Ost no West virun der Sonn laanscht zitt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie