Ekliptikal Längt

Vu Wikipedia
Ekliptikschréi, Himmelskoordinaten
Ekliptikschréi, Himmelskoordinaten

D'ekliptikal Längt λ ass, nieft der ekliptikaler Breet β, eng vun den zwou Himmelskoordinaten vum ekliptikale Koordinatesystem.

Si gëtt vum Fréijoerspunkt aus no Osten, also am selwechte Sënn laanscht d'Ekliptik un, wéi d'Uertsverännerung vun der Sonn verleeft.

Déi zweet Koordinat, d'Breet β, gëtt vun der Ekliptik aus a Richtung op d'Ekliptikpole gerechent.

D'equatorial Himmelskoordinaten d'Rektaszensioun α an d'Deklinatioun δ loosse sech mat sphärescher Trigonometrie an Ekliptikschréi ε – mat ε ≈ 23,44° – an d'ekliptikal Koordinaten (λ, δ) ëmrechnen (kuckt de klengen Dräieck riets op der Skizz). Dës Koordinatentransformatioun ass fir d'Berechnung vun den Ëmlafbunne vu Planéiten an anere Kierper vum Sonnesystem noutwendeg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie