Sonnenobservatioun

Vu Wikipedia
Warnung viru geféierlecher optescher Stralung

Bei der Sonnenobservatioun muss ee ganz virsiichteg sinn, well déi grouss Hellegkeet vun der Sonn ka liicht zu bleiwenden Aeschied féieren. Besonnesch däerf en ni mat enger Spektiv oder engem Teleskop ouni optesch Sonnefilteren an d'Sonn kucken, well d'Brennglaswierkung vum Instrument d'A banne Sekonnebrochdeeler zerstéiere kann.

Sonnenobservatioun ka bedeiten[änneren | Quelltext änneren]

  1. D'Observatioun vum Sonnenop- oder Ënnergank a senge Begleetphenomeener, wéi (Owesrout, Moundtäuschung, Anomalie vun der Refraktioun asw.)
  2. D'Observatioun vu Sonneflecken a -fakelen an d'Bestëmmung vun der Plaz vu Protuberanzen, Sonneneruptiounen (Flares) asw.
  3. D'Plazbestëmmung vu Sonneflecken (heliographesch Koordinaten) an d'Sonnerotatioun
  4. D'Miessung vun Deelchestréim, magnéiteschen oder Funkstéierungen duerch d'Sonnenaktivitéit
  5. D'Navigatioun resp. d'Plazbestëmmung duerch Héichtewénkelmiessung zu der Sonn
  6. D'Miessung vun engem Sonnenazimut fir ee Vermiessungsnetz
  7. D'Miessung vun der Sonnestralung mat verschiddenen Thermometer, mat Heliographen oder mat der Stralungsbilanz.

D'Warnung bezitt sech haaptsächlech op den zweeten Aspekt, ass awer och bei Nr.1, 4 an den aneren Observatiounen ze beuechten.

Déi follgend Ausféierunge betreffe virun allem astronomesch - astrophysikalesch Observatioune vun der Photosphär. Zu den aneren Aarte vu Sonnenobservatioun kuckt och Astronomesch Phenomeenologie, Aeronomie, Astronavigatioun a Meteorologie.

Sonnenobservatioun mat bloussem A[änneren | Quelltext änneren]

Fréier goufen dofir dacks ugeschwäerzte Glieser ugebueden, dach ass et besser vun deene Glieser ofzeroden, zemools bei laangen Observatiounen. Si schützen net bei de geféierlechen Infrarout- an UV-Stralen. Och de Gebrauch vu Rettungsfolie ass aus deem Grond net unzeroden. Sécher sinn nëmme Schutzbrëller mat Mylarfolien oder och ganz speziell Schweesserglieser no DIN EN 169 an op d'mannst Filterniveau 14. Aner Schweesserbrëller sinn net ze gebrauchen.

Eng Observatioun vun der déifstoender (zum Beispill Observatioun vun engem Sonnenop- oder -ënnergank) oder vum Donst geschwächte Sonn ouni Filter féiert zu kengen Aeschied (Domat ass KENG Observatioun mat engem Teleskop o.ä. gemengt!).

Sonnenobservatioun mat dem Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi teleskopesch Sonnenobservatioun muss een zweckméisseg Objektivfiltere gebrauchen, well dës net dem gebëndelte Sonneliicht ausgesat sinn. Eng Liichtofschwächung an der Géigend vum Brennpunkt kann och mat engem Herschelkäil oder Pentaprisma geschéien. An deem Fall muss d'Reschtliicht awer nach mat Grofilter oder Polfilter ofgeschwächt ginn, well et soss nach ze hell fir d'A ass.

Grondsätzlech soll de Sonnefilter ëmmer virum Objektiv ubruecht ginn, well d'Sonnestrale sou guer net an den Teleskop erakommen. Ofzeroden ass viru bëllege Glas- oder Konschtstofffilteren, déi beim Teleskop an den Okular geschrauft ginn. D'Hëtztentwécklung ass duerch de gebëndelte Sonnestral do immens héich, soudatt Glasfiltere platzen a Konschtstofffiltere schmëlze kënnen. D'Reaktiounszäit geet net duer, fir d'A an deem Fall a Sécherheet ze bréngen. Also Okularfilteren direkt aus Teleskopen ewechhuelen!

Och fir d'Observatioun vun der déifstoender oder vum Donst geschwächter Sonn mat engem Teleskop muss grondsätzlech e Filter gebraucht ginn, well den Teleskop och onsiichtbar UV- an Infraroutstrale bëndelt.

Eng alternativ Method, déi de Galileo Galilei scho kannt huet, ass d'Projektioun vum Sonnebild op e Pabeier hanner dem Okular, déi sougenannt Projektiounsmethod. Dofir brauch ee kee Filter. Den Teleskop oder Refrakter léisst sech ouni de (geféierleche) Bléck op d'Sonn duerch säi Schiet op déi ausriichten. Allerdéngs kann dobäi d'Okular wéinst der héijer Temperatur beschiedegt ginn. Ofhëllef bréngt eventuell eng Blend virum Objektiv.

D'Projektiounsmethod ass net nëmmen ongeféierlech, mä et kann een och liicht d'Sonneflecken ofzeechnen. Ausserdeem erméiglecht et méi Persoune, gläichzäteg d'Detailer op der Sonn ze kucken. Beim Gebrauch vu Spigelteleskope soll d'Observatiounszäit net ze laang sinn a vu Pausen ënnerbrach ginn, well sech besonnesch de Sekundärspigel souwéi den Okular staark ophëtze kann. Bei der Observatioun a Gruppen sollt een awer och dobäi virsiichteg sinn, well Kanner gär an de Stralegank gräife wëllen.

Fir d'Observatioun vun der Sonn goufen och speziell Sonnenteleskopen entwéckelt.

Sonnefotografie[änneren | Quelltext änneren]

Sonn mat Sonneflecken den 28. Oktober 2003, Foto mat engem 4" Maksutovteleskop a Filterfolie mat der Stäerkt ND 4

D'Sonnefotografie ass en Deelberäich vun der Astrofotografie. Fir d'Fotografie vun der Sonn déi déif steet brauch ee kee Filter. Fir d'Fotografie vun der Sonn déi héich steet a blent sinn entweeder Mylarfolië virum Objektiv unzebréngen oder et si fotografesch Filtere mat der Dicht ND 4.0 ze gebrauchen.

Nei speziell Sonnefilterfolie sinn zweesäiteg bedämpt a visuell a fotografesch onbedenklech asetzbar.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie