Gustav Robert Kirchhoff

Vu Wikipedia
Gustav Robert Kirchhoff
Gebuer 12. Mäerz 1824
Königsberg
Gestuerwen 17. Oktober 1887
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Physiker, Chimist, Ingenieur, Mathematiker
Member vun Royal Society, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences, Royal Society of Edinburgh, Accademia delle Scienze di Torino

De Gustav Robert Kirchhoff gebuer den 12. Mäerz 1824 zu Königsberg a Preisen, haut Kaliningrad, a gestuerwen de 17. Oktober 1887 zu Berlin, war en däitsche Physiker deen haaptsächlech Fuerschungen an der Elektrizitéit gemaach huet.

Hien huet vun 1842 bis 1847 Mathematik a Physik op der Universitéit vu Königsberg studéiert. Vun 1850 bis 1854 huet hien op der Universitéit vu Breslau geschafft, an ass duerno op Universitéit vun Heidelberg gaangen, fir dann 1875 Professer fir theoreetesch Physik op der Humboldt-Universitéit Berlin ze ginn

De Kirchhoff ass bekannt fir seng Reegele vun den elektresche Stroumkreesser, déi d'Ofhängegkeet vun der Spannung vum Stroum a vum Widderstand uginn, a grondleeënd fir den Opbau an d'Analys vun elektresche Schaltungen a fir d'Elektrotechnik sinn.

Hien huet zesumme mam Robert Wilhelm Bunsen den Caesium an de Rubidium entdeckt.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

De Moundkrater Kirchhoff ass no him genannt, geneesou och d'Kirchhoff-Institut für Physik (KIP) vun der Universitéit Heidelberg. De 15. Februar 1974 huet d'Däitsch Post Berlin fir säin 150. Gebuertsdag e speziellen Timber (MiNr. 465) erausginn. Zu Berlin-Adlershof an zu Bad Dürkheim huet eng Strooss säin Numm.

Schrëften (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Chemische Analyse durch Spectralbeobachtungen. In: Annalen der Physik und Chemie. Band 189, Nummer 7, 1861, S. 337–381 (mit Robert Bunsen, PDF).
  • Gesammelte Abhandlungen. Johann Ambrosius Barth, Leipzig 1882 (Erausginn vum Ludwig Boltzmann).
  • Gesammelte Abhandlungen. Nachtrag. Johann Ambrosius Barth, Leipzig 1891 (Erausginn vum Ludwig Boltzmann).
  • Vorlesungen über mathematische Physik. 4 Bände, B. G. Teubner, Leipzig 1876–1894.
    • Band 1: Mechanik. 1. Auflage, B. G. Teubner, Leipzig 1876 (online).
    • Band 2: Mathematische Optik. B. G. Teubner, Leipzig 1891 (Erausginn vum Kurt Hensel, online).
    • Band 3: Electricität und Magnetismus. B. G. Teubner, Leipzig 1891 (Erausginn vum Max Planck, online).
    • Band 4: Theorie der Wärme. B. G. Teubner, Leipzig 1894 (Erausginn vum Max Planck, online).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Biographien
  • Klaus Hentschel: Gustav Robert Kirchhoff (1824–1887) und Robert Wilhelm Bunsen (1811–1899). In: Karl von Meyenn (Hrsg.) Die Grossen Physiker. München: Beck, 1997, Bd. 1, S. 416–430.
  • Klaus Hübner: Gustav Robert Kirchhoff. Das gewöhnliche Leben eines außergewöhnlichen Mannes. Verlag Regionalkultur, Ubstadt-Weiher 2010, ISBN 978-3-89735-606-1.
  • Gustav Robert Kirchhoff. In: Ludwig Boltzmann: Populäre Schriften. Johann Ambrosius Barth, Leipzig 1905, S. 51–75 (online).
  • Woldemar Voigt: Zum Gedächtniss von G. Kirchhoff. Rede gehalten in der öffentlichen Sitzung der K. Gesellschaft der Wissenschaften am 5. Dezember 1887 (= Abhandlungen der Königlichen Gesellschaft der Wissenschaften in Göttingen. Band 35, Nummer 7). Dieterich, Göttingen 1888 (online).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gustav Robert Kirchhoff – Biller, Videoen oder Audiodateien