Perth

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad a Westaustralien. Fir d'Stad a Schottland, kuckt wgl. Perth (Schottland)..
Perth

Land: Australien
Bundesstaat: Western Australia
Administratioun: Perth City Council
Fläch: 6 417.9 km²
Awunner: 2 085 973 Aw.  (30.06.2019)
Koordinaten: 31° 57’ 0’’ S
      115° 51’ 0’’ O
Stied - Bundesstaaten - Groussstied

Perth [pɜːθ] ass d'Haaptstad vum australesche Bundesstaat Western Australia. Mat iwwer 2,1 Milliounen Awunner ass et och déi bei wäitem gréisst Stad an deem Bundesstaat an, no Sydney, Melbourne a Brisbane, déi véiertgréisst Stad an Australien. Perth ass e globalen Zentrum vun der Biergbau- a Pëtrollsindustrie. Et läit op der Mündung vum Swan River, deen do an de südlechen Indeschen Ozean leeft.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Perth ass den ekonomeschen, administrativen a politischen Zentrum vu Westaustralien. D'Greater Perth Metropolitan Area ass an 30 selbstänneg Gemengen ënnerdeelt, mat eegener Verwaltungm, soug. Local Government Areas (LGA), a geet, op enger Fläch vun iwwer 6400 km² vun de Plagë vum Indeschen Ozean am Westen bis bei d'Ausleefer vun der Darling Range am Osten. D'LGA City of Perth, déi just 20 km² grouss ass a ronn 30.000 Awunner huet, ass den Zentrum.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Perth gouf den 12. August 1829 vum Kapitän James Stirling ënnert dem Numm Swan River Colony gegrënnt, mam Zil, domat d'Fransousen dovun ofzehalen, Westaustralien ze probéieren ze koloniséieren. 1856 gouf d'Stad offiziell gegrënnt a krut op Wonsch vum britesche Krichs- a Kolonialminister Sir George Murray den Numm vun deem senger Gebuertsstad Perth a Schottland.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Perth – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Skyline vum Zentrum vum Kings Park aus (2012).
D'Skyline vum Zentrum vum Kings Park aus (2012).