Pseudodolmen Schnellert

Vu Wikipedia

De Pseudodolmen am Schnellert ass eng natierlech Fielsformatioun am Bësch Schnellert, tëscht den Uertschafte Mëllerdall a Bäerdref, déi vun hirer Form hier un en Dolmen erënnert.

Et sinn dräi Fielsbléck, bei deenen een décke schwéieren op déi zwéin aner gefall ass, a sou eng ronn 50 Zentimeter breet, zwéi Meter laang an ee Meter héich rechteckeg Nisch entstanen ass, déi just op enger Säit op ass.

1908 huet den Nicolas van Werveke do eng Ausgruewung gemaach, an d'Foormatioun als Dolmen beszeechent. 2000 gouf et do eng zweet Ausgruewung duerch de Staatsmusée. Bei de Fouillë goufen d'stierflech Iwwerreschter vun engem erwuessene Mann an engem ronn 12 Joer ale Kand fonnt, déi do ronn 2700 v. Chr. begruewe goufen.[1] Et gëtt ugeholl, dass d'Grafplaz wéinst der Form ausgesicht gi war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 34-35.
  • François Valotteau, Michel Toussaint und Foni Le Brun-Ricalens: Le pseudo-dolmen du Schnellert, commune de Berdorf (Grand-Duché de Luxembourg) - état de la question à l'issue de la campagne de fouille 2000. In: Bulletin de la Société Préhistorique Luxembourgeoise 22 (2002), S. 131–161.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Valotteau, François; Toussaint, Michel; Le Brun-Ricalens, Foni: "Fouilles du 'dolmen' du Schnellert dans le Mullerthal. Redécouverte d'une sépulture collective néolithique vieille de près de 4750 ans." In: Musée Info 14 (2001), Luxembourg, 2001.