Äisvull

Vu Wikipedia
Äisvull
En Äisvull

En Äisvull
En Äisvull
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Coraciiformes
Famill: Alcedinidae
Gattung: Alcedo
Aart: Äisvull
Wëssenschaftlechen Numm
Alcedo atthis
Linnaeus 1758
Eeër vum Äisvull

Den Äisvull (Alcedo atthis) ass déi eenzeg Aart aus der Famill vun den Äisvullen (Alcedinidae), déi a groussen Deeler vun Europa virkënnt. Et gëtt der och an Asien an am westlechen Nordafrika. Säi Liewensraum ass bei proppere Gewässer, déi stinn oder net ze séier lafen, laanscht déi et Sëtzgeleeënheete ginn. E frësst kleng Fësch, Waasserinsekten (Imagines a Larven), Klengkriibsen a Kauzekäpp. Dëst fänkt e sech, andeems e vu sengem Sëtz aus mam Kapp no vir an d'Waasser spréngt, ënnerdaucht a se mam Schniewel paakt. Da flitt en op seng Plaz zeréck, fir se ze friessen.

Äisvullen hunn en opfällegt Fierderkleed, mat engem bloe Réck an engem orange-bronge Bauch. Si gi 16 bis 18 cm laang a weie 35 g bis 40 g. D'Distanz tëscht den ausgestreckte Flilleksspëtzten ass ongeféier 25 cm.

Déi meescht Äisvulle si monogam. Am Februar a Mäerz siche se sech Partner a fir d'Weibchen z'iwwerzeegen, datt si "dee richtege" sinn, iwwerreechen d'Männercher hinne "Kaddoen" a Form vu Fësch a vernäipe sech dobäi.

Hir Näschter bauen d'Äisvullen an Hielen, déi se als Koppel a géi Wänn aus Leem oder haardem Sand gruewen. Dës Hiel huet en Duerchmiesser vu 17 cm an ass ongeféier 12 cm héich. Se läit um Enn vun engem 40 bis 80 cm laangen Tunnel, dee vum Agank hier liicht biergop geet an ongeféier 8 cm breet ass. Et dauert zwou bis dräi Woche bis déi Hiel gegruewen ass.

A Mëtteleuropa besteet hir Brutt aus sechs bis aacht Eeër, déi am Abrëll-Mee 19 bis 21 Deeg laang ofwiesselnd gebritt ginn. D'Jippelcher sinn am Ufank blann a plakeg. No aacht Deeg kommen déi éischt Plommen an no zéng ginn d'Aen op. No 23 bis 28 Deeg sinn déi Jonk grouss genuch fir erauszefléien.

Si ginn nach een-zwéin Deeg weider vun den Eltere gefiddert, iwwerdeems se léiere wéi een d'Friesse fänkt. Da ginn se vun den Ale verdriwwen a sinn op sech selwer gestallt.

Am Juni bis Juli kënnt eng zweet Brutt no, heiansdo am August-September eng drëtt. 80 Prozent vun deene Jonken iwwerliewen net bis d'Bruttsaison am nächste Fréijoer. Déi Jonk musse sech en neit Revéier sichen, a kënnen dobäi alt bis 1.000 Kilometer zeréckleeën.

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Regional gëtt oder gouf et am Lëtzebuergeschen eng Rëtsch Alternativnimm fir den Äisvull, wéi (bloe) Mattevull, Waasserflibor, -hinnchen, -héngchen, -bompel, -päipel, -spiecht, -wo oder bloe Waasservull.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Henri Klees: Luxemburger Tiernamen (inbegriffen in der 2. Auflage die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen. Luxemburg 1981 (=Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV.), S.36.