Baggerweier

Vu Wikipedia
E Baggerweier entsteet: Kiselofbau
D'Haff Réimech, am Wanter

Baggerweieren oder Baggerséie si kënschtlech Weieren oder Séien déi entstinn, wa sech d'Lächer, déi beim Ausbaggere vu Buedem (Sand, Kisel, Leem, Kuelen ...) entstane sinn, mat Grondwaasser fëllen, well se ënner deem sengem Waasserspigel leien, oder a rare Fäll och vun anere Waasserquelle gefëllt ginn, wéi zum Beispill Waasser vum Nidderschlag ronderëm, oder och mat Waasser dat enger Baach ofgezaapt gëtt an dat dann nees erausleeft, oder wéi d'Weiere vun Arjuzanx bei Morcenx a Frankräich déi vun ënnerierdesche Quelle gefiddert ginn.

Si ginn dofir och alt Grondwaasserséi genannt.

Meeschtens si Baggerweieren an de Flossdäller, wou dat ugeschwemmt Material nieft dem Flossbett ausgegruewe gouf.

Wa se net méi exploitéiert an der Natur iwwerlooss ginn, gi Baggerweieren dacks ekologesch wäertvoll Fiichtgebidder.

Déi bekanntst Baggerweieren zu Lëtzebuerg sinn déi vum Haff Réimech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]