Mardell

Vu Wikipedia
Mardell am Bësch (Engelsratt) tëscht Mamer a Capellen. D'Waasser ass mat Waasserlënse bedeckt.

Eng Mardell ass eng Kaul am (kallekhaltege) Buedem, déi mat Waasser gefëllt ass. Mardelle kënnen natierlech Doline sinn, déi entstane sinn, wéi sech de Buedem op der Uewerfläch gesat huet, nodeem en ënnerierdesch ewechgespullt gouf, oder awer kënschtlech Grouwen, déi zanter der Steenzäit vum Mënsch gegruewe goufen, fir Leem, Äerzer asw. erauszehuelen.

Am Géigesaz zu kënschtlech ugeluechte Weieren hunn natierlech entstane Mardellen e relativ ronnen, resp. elliptesche Profil, a leien dacks op enger Héicht, resp. engem Plateau. Et gëtt der an de Bëscher an um fräie Feld. Zu Lëtzebuerg sinn déi meescht vun hinne just nach an de Bëscher ze fannen, vun deenern um Flouer sinn déi meescht duerch d'Landwirtschaft no an no verschwonnen.[1]

Mardelle sinn interessant als Biotop, mais och als Relikt vun eiser Ëmweltgeschiicht, oder, wa se kënschtlech sinn, aus archeologescher Siicht.

D'Entstoen an d'Datéierung vun enger Mardell kann ofschléissend nëmmen duerch eng opwenneg Ausgruewung oder mat Hëllef vu Buerkäre gekläert ginn. Mardelle sinn ëmmer och Sedimentfalen déi ideal Konservéierungsméiglechkeete fir Planzen- an Holzreschter bilden. Si erméiglechen et fir wäitreechend Aussoen iwwert d'Ëmweltgeschicht ze treffen, sou zum Beispill iwwer d'Vegetatioun an iwwert d'Klima. Wéinst hirem héijen Informatiounspotential souwuel fir d'Archeologie wéi och fir d'Ëmweltgeschicht, sollte Mardellen onbedéngt als archeologesch Monumenter erfaasst an ënner Schutz gestallt ginn. D'Ausbaggere vu bal komplett verlante Mardellen am Kontext vum Schutz vu Fiichtbiotoper ass dofir aus den uewe genannte Grënn ofzeleenen.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Thoen & Hérault, 2006.
  2. Löhr, 1986.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Théid Faber, 1975. Contribution à l'étude phytosociologique et à la protection des biotopes humides au Grand-Duché de Luxembourg. Mémoire d'aspirant-professeur au Lycée classique de Diekirch, Luxembourg, 236 S. (Net verëffentlecht).
  • Christine Hengen-Baustert, 1975. Le biotope des mardelles du Bon-Pays. Contribution à l'étude phytosociologique. Mémoire d'aspirant-professeur au Lycée Hubert-Clément d'Esch-sur Alzette. (Net verëffentlecht).
  • W. Reinhard, 1996. Die Mardelle, ein kaum beachtetes Bodendenkmal. Aktuelles aus der Landesarchäologie - Saarland. Archäologie in Deutschland 3: 51.
  • Daniel Thoen, 1997. Observations florisitiques dans les mardelles du Gutland (Luxembourg). Bull. Soc. Nat. luxemb. 98: 41-48.
  • Daniel Thoen & Bruno Hérault, 2006. Flore, groupes socio-écologiques et typologie des mardelles forestières de Lorraine belge et luxembourgeoise. Bull. Soc. Nat. luxemb. 107: 3-25.
  • Hartwig Löhr, 1986. "Mardellen" und ähnliche Sedimentfallen: Eine spezifische Feuchtbodensituation im Mittelgebirgsbereich. Archäologische Informationen 9: 104-109.
  • Hartwig Löhr, 1985. Maare, Märchen, Mardellen, wenig beachtete Bodendenkmäler? Kurtrierisches Jahrbuch 25: 3-9.