Diskussioun:Naturschutzgebitt Ellergronn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Apatura iris[Quelltext änneren]

Ech ka mech nët méi erënneren wéi dëse Päiperléck op Lëtzebuergesch heescht, duerfir hun ech ee Link op den englesch Wikipedia ugeluecht, well ech keng Säit grënne wollt ënner engem falschen Numm. Wann een den Numm wees, da lee w.e.g. eng nei Säit un mat dem Numm, oder schreif en hei an Diskussioun, da maachen ech ët. Ech hun eng Zäit laang am Centre d'Accueil vun der Forstverwaltung (deemols wor ët nach "Forstverwaltung") Ellergronn geschafft, a wor impressionnéiert vun dem Véih. Zënter hier hun ech ë ganze Paack Informatioune gesammelt - alles ausser dee Lëtzebuergeschen Numm. Sou bal ech dee wees leeën ech eng Säit dozou un. --Xavierschmit 17:24, 5. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Moie Xavierschmit,
ech hunn am Klees senge Luxemburger Tiernamen nogekuckt, do steet e leider net dran. Dat soll Dech awer net ofhalen, iwwer dat schéint Déier ze schreiwen. De laténgeschen Numm ass als Lemma och net ze verwerfen. D'Skizz vum Artikel ass ënner Apatura iris ze fannen. Falls een de Lêtzebuergeschen Numm fënnt, ass den Artikel séier ëmbenannt. --Zinneke 19:11, 5. Mee 2011 (UTC)[äntweren]