Lycée Bel-Val
De Lycée Bel-Val ass e Lycée um Belval deen am September 2011 opgoung. E läit nieft dem Park Belval, um Terrain vun der Gemeng Suessem.
En huet Plaz fir 1.200 bis 1.500 Schüler aus dem Enseignement secondaire a secondaire technique, déi op 67 Klassen iwwer 3 Stäck verdeelt sinn. Dobäi kommen nach Atelieren, eng Kantin, eng Bibliothéik, e Festsall, asw.
Historique[änneren | Quelltext änneren]
De 14. Juli 2007 (Gesetz vum 9. Juli 2007) gouf en ëffentleche Lycée um Belval geschaf.[1] Duerch Gesetz vum 24. Juli 2007 krut d'Regierung d'Erlaabnes fir e Lycée fir Secondaire- an technesche Secondaireunterrecht op de Frichë vun Esch-Belval ze bauen.[2]
De Projet, deen am Mäerz 2007 vum Bauteminister Claude Wiseler virgestallt gouf, gesäit fir d'Pläng, de Bau an den Ekipement Käschte vun 111 Milliounen Euro vir.[3]
Den 30. Januar 2008 hunn d'Edukatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres an de Bauteminister Claude Wiseler de Grondstee geluecht. Den 3. Abrëll 2009 koum et zu enger weiderer Zeremonie, déi den Ufank vun den Aarbechte sollt symboliséieren, dës Kéier a Presenz vun der Mady Delvaux-Stehres, dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf, an de Buergermeeschtere vun Esch-Uelzecht a Suessem.[4]
De 27. Februar 2011 krut en duerch e Règlement grand-ducal säin Numm.[5] D'Schreifweis "Bel-Val" soll un déi fréier Mineralwaasserquell erënneren; déi et an der Zäit direkt nieft dem Site gouf.
Zesumme mam Lycée gouf de 16. September 2011 och eng nei Gare tëscht der Gare Belval-Université an der Gare Belval-Réideng, d'Gare Belval Lycée, a Betrib geholl. Spéider soll se un eng nei Antenn vun der CFL-Linn 60 amenagéiert ginn.[6]
Direkter[änneren | Quelltext änneren]
- zanter 2009: Astrid Schuller
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Loi du 9 juillet 2007 portant création d'un lycée à Belval.
- ↑ * Loi du 24 juillet 2007 relative à la construction d'un lycée d'enseignement secondaire et secondaire technique à Belval.
- ↑ Pressedossier vun 2007.
- ↑ "'Lycée Belval' für Schulanfang 2011 startklar". tageblatt.lu, 2009-04-04.
- ↑ Règlement grand-ducal du 27 février 2011 portant dénomination du lycée à Belval. Mémorial A n°46 du 11 mars 2011, p.653.
- ↑ "L'antenne ferroviaire entre la gare Belval et la gare Belvaux-Mairie". Dernière mise à jour de cette page le 12-10-2010.