Park Belval

Vu Wikipedia
Park Belval
De Parc Belval, laanscht d'Waassertrap
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Plaz Belval
Koordinaten 49° 30’ 23.80’’ N
      05° 56’ 24.50’’ O
Geschicht
Ugeluecht 2012-2014
Bauhär Société de développement Agora
Architekt Elyps
Agence Ter
Dimensiounen a Geographie
Fläch 20 ha

De Park Belval ass en ëffentlechen Natur- a Fräizäitpark deen am Hierscht 2014 ageweit gouf. E läit um Terrain vun der Gemeng Suessem.[1]

Et ass en Deel vum Quartier Belval, huet eng Fläch vun am Ganze ronn 20 Hektar a besteet aus dräi Deeler: dem Park Belval Süd (9,86 ha), dem Park Belval Nord (7,95 ha) an der Waassertrap (2,08 ha).[1]

De Park Belval ass a verschidde Beräicher, sougenannt Themegäert, wou ee sech ausrouen oder och spille kann, agedeelt.

Et gëtt Infrastrukture fir Foussball, Volleyball oder Streetball ze spillen, souwéi och e Skatepark an e Kiosk mat Sonnenterrass. De 700 m² grousse Skatepark ass am Juni 2012 fir de Public opgaangen.[2]

Architektebüroe sinn Elyps (NL) an Agence Ter (F/D).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Kaart vum Park Belval
  2. Belval in der Hand von Skatern op wort.lu vum 10. Juni 2012