Belval Nord

Vu Wikipedia
Belval Nord
Verwaltung
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Geographie
Koordinaten 49°30'31,9"N, 5°56'15,8"O
Transport


Belval Nord ass ee vun de fënnef Quartieren, déi op de Frichë vun Esch-Belval ugeluecht goufen. E läit am Nordweste vum Belval, an der Gemeng Suessem.

Den Terrain vu Belval Nord, eng 20 Hektar grousser Fläch, zitt sech parallel zu der Escher Strooss, déi vum Suessemer Gemengenhaus zu Bieles bis bei den Escher Quartier Raemerech féiert. Südlech dovun ass de Park Belval. Haaptachs ass d'Rue Waassertrap.

Op Belval Nord goufen tëscht 2009 an 2020 am Ganze ronn 600 Wunnenge fir eng 1.300 Awunner gebaut. Deen éischte Wunnblock gouf den 10. Oktober 2009 der Ëffentlechkeet virgestallt.

Des Weidere gëtt et do ee Centre intégré pour personnes âgées (CIPA), d'"Résidence Op der Waassertrap" fir 120 eeler Leit, wouvun der 20-40 fir Demenz-Patiente sinn. E gouf den 29. November 2012 offiziell a Betrib geholl.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Le CIPA a ouvert ses portes à Belval Nord." Actualités op belval.lu, 2012-11-29.