Op den Inhalt sprangen

Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés luxembourgeois

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Landesverband)
Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés luxembourgeois
Ofkierzung FNCTTFEL-Landesverband
Zweck Gewerkschaft
Grënnungsdatum 10.01.1909[1]
Opléisungsdatum 07.10.2023
Sëtz 63, rue de Bonnevoie
L-1260 Lëtzebuerg
President Georges Merenz
Websäit www.landesverband.lu
D'Casinos-Gebai vum Landesverband zu Bouneweg
Protestaktioun vum Landesverband a vum OGBL iwwer de Statut vun den Employéë bei Luxtram.

D'Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés luxembourgeois ofgekierzt FNCTTFEL, och bekannt als Landesverband oder FNCTTFEL-Landesverband[2], war eng lëtzebuergesch Gewerkschaft, déi tëscht 1909 an 2023 d'Intresse vun de Leit, déi op der Eisebunn schaffen, vertrueden huet.

Se gouf den 10. Januar 1909 ënner dem Numm Generalverband der Eisenbahner des Luxemburger Landes gegrënnt. 1910 gouf s'ëmgedeeft a Landesverband Luxemburger Eisenbahner. No enger Statutenännerung 1963 krut se den Numm dee se haut nach huet.

Den 1. Juli 2020 ass de Landesverband e professionelle Syndikat bannent dem OGB-L ginn[3] an et gouf dunn op eng Fusioun tëscht béide Gewerkschaften higeschafft[4]. De 7. Oktober 2023 hunn d'Vertrieder op enger aussergewéinlecher Generalstëmmung eestëmmeg esou enger Fusioun zougestëmmt. De Landesverband ass ewell dee 16. Syndikat bannent dem OGBL.[5]

Presidente vun der FNCTTFEL

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. deemools als Generalverband der Eisenbahner des Luxemburegr Landes
  2. Artikel 1.1 vun de Statutten, Versioun vum 66. Kongress, 14. Oktober 2017
  3. Op den 1. Juli: Déi provisoresch Aglidderung vum Landesverband an den OGBL ass Realitéit ginn. www.rtl.lu (02.07.2020). Gekuckt de(n) 16.10.2022.
  4. Kongress vum Landesverband: Eens iwwer Positioun vis-à-vis vu Regierung an a Saache Fusioun mam OGBL. www.rtl.lu (15.10.2022). Gekuckt de(n) 16.10.2022.
  5. FNCTTFELOGBL. Land, 13.10.2023, S. 13.
  6. Georges Merenz gëtt neie President op rtl.lu de 16. Oktober 2017, gekuckt den 8. Dezember 2019