Alphonse Hildgen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fons Hildgen)
Alphonse Hildgen
Gebuer 20. Mäerz 1913
Gestuerwen 7. Dezember 2000
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP
Famill
Papp Venant Hildgen

De Fons (Alphonse) Hildgen, gebuer den 20. Mäerz 1913 am Pafendall, a gestuerwen de 7. Dezember 2000 zu Munneref war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).

Vun 1957 bis 1975 war hie Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Hie war zweemol als Deputéierten an d'Chamber gewielt ginn, an zwar vun 1960 bis 68 a vun 1974 bis 79.

Vun 1964 bis 1976 war hie President vun der FNCTTFEL.

Hie war de Jong vum Venant Hildgen, deen och Deputéierte war.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hommage à la mémoire de Monsieur Alphonse Hildgen, député honoraire an der 20. Séance vum Parlamentsjoer 2000-2001 de 7. Dezember 2000