Op den Inhalt sprangen

Danièle Fonck

Vu Wikipedia
Danièle Fonck
Gebuer 31. Januar 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalistin

D'Danièle Fonck, gebuer den 31. Januar 1953 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass eng lëtzebuergesch Journalistin.[2] Si ass Generaldirektesch vum Grupp Editpress. Donieft ass si och nach Direktesch vum Le Jeudi an, zesumme mam Dhiraj Sabharwal, Ko-Chefredaktrice vum Tageblatt.

D'Danièle Fonck huet Journalismus zu Paräis studéiert an 1977 als Journalistin fir international Politik am Escher Grupp Editpress ugefaangen, zu deem och d'Tageblatt gehéiert.[1][3] 1992 ass si Vizechefredaktrice vun där Dageszeitung ginn an 2004 Chefredaktrice. Zënter 2017 deelt si dee Poste mam Dhiraj Sabharwal.[4]

2011 ass si zousätzlech Generaldirektesch vun Editpress ginn.[3]

Si war vun 2006 bis 2008 Vizepresidentin vum Lëtzebuerger Presserot an duerno tëscht 2008 an 2010 Presidentin[5] an domat déi éischt Fra op deem Posten. An där Funktioun huet si mat un der Reform vum Pressegesetz geschafft, déi den 30. Abrëll 2010 a Kraaft getrueden ass.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Biographie op paperjam.lu (gekuckt den 20. Februar 2018)
  2. D 'Danièle Fonck op der Websäit vum Conseil de presse
  3. 1 2 Groupe Rossel: Du nouveau chez Editpress: Danièle Fonck succède à Alvin Sold (19. September 2011)
  4. Tageblatt: Tageblatt mit verstärkter Führung in die Zukunft (16. November 2017)
  5. 1 2 20 Journalisten und zwei Verleger in nationalen Verdienstorden ausgezeichnet op www.press.lu
  6. Verdienstvolle Journalisten ausgezeichnet Tageblatt (Luxembourg) 30 Jun 2017 op PressReader.com