Op den Inhalt sprangen

Fernand Rau

Vu Wikipedia
Fernand Rau
Gebuer 7. Oktober 1940
Hesper
Gestuerwen 2. Juni 1994
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei ADR
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Famill
Bestuet mat Hilda Rau-Scholtus

De Ferdinand Rau, genannt Fernand, gebuer de 7. Oktober 1940 zu Hesper, a gestuerwen den 2. Juni 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.

Hie war Bankemployé a vun 1965 bis 1970 Wirtschaftsjournalist am Luxemburger Wort. Vun 1972 bis 1978 war hien Universitéitsdozent. Dono hat hie Managementpositiounen am Privatsecteur ë.a. bei der Kredietbank, dem Crédit européen, der International Procurement & Services Corporation aus Japan, an dem Russeschen Industrie- an Investitiounsfong.[1]

Politesch war hien ufanks fir d'CSV aktiv a war vun 1979 un Deputéierten an der Chamber fir déi Partei. Am November 1992 ass hien no engem Sträit ëm d'Plaz als Member vun der Europäescher Kommissioun, déi e versprach awer net kritt hat,[2] aus der CSV aus- an am Mäerz 1993, zesumme mat senger Fra Hilda Rau-Scholtus, an d'ADR agetrueden[3].

No him ass d'Loi Rau (mam ganzen Numm: Loi visant à favoriser les investissements productifs des entreprises et la création d'emplois au moyen de la promotion de l'épargne mobilière) genannt, déi Virbild fir änlech Gesetzer a Frankräich an an der Belsch gouf.

De Fernand Rau ass un de Follge vun engem Autosaccident gestuerwen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Fernand Rau". In: d'Lëtzeburger Land, 41. Jg., nº 23 (10.06.1994), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. "Fernand Rau." In: d'Lëtzeburger Land, 39. Jg., nº 48 (27.11.1992), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. Archive copy Archivéiert den 01.05.2008. Gekuckt den 10.10.2008.