Ernest Petry

Vu Wikipedia
Ernest Petry
Gebuer 8. Mee 1936
Gestuerwen 17. Dezember 2002
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Bauer
Member vun Bauerenzentral, CSV

Den Ernest Petry, gebuer den 8. Mee 1936 a gestuerwen de 17. Dezember 2002[1], war e lëtzebuergesche Bauer an CSV-Politiker an Deputéierten.[2]

Hie gouf bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 als Deputéierten an d'Chamber gewielt an huet säi Mandat bis zu deene vum 18. Juni 1989 erfëllt. Bei deene Wale gouf den Ernest Petry net direkt erëmgewielt, awer nom Récktrëtt vum Henri Mausen gouf hien den 21. November 1989 nees als Deputéierte vereedegt an huet dat Mandat bis un d'Enn vun där Legislaturperiod 1994 erfëllt.[3]

Hie war vun 1976 bis 1993 a vu Januar 1996 bis den 1. August 1998[1] Member vum Gemengerot vun der Gemeng Ettelbréck a vun 1982 bis 1988 Member vum Schäfferot.[4]

Den Ernest Petry war och Member vum kantonale Comité vun der Bauerenzentral a vum Comité vum Comité de la fédérantion agricole. 1987 gouf hie President vun der Bauerekrankekeess.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "In memoriam." De Reider 31, Mee 2003, S.11.
  2. Vereedegung vum Ernest Petry als Deputéierten den 21. November 1989
  3. Lëscht vun den Deputéierten no 1944 COMPTE RENDU DES TRAVAUX DE LA CHAMBRE DES DÉPUTÉS DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG SESSION ORDINAIRE 2012-2013
  4. Säit 9 "Verabschiedung." De Reider 17, August 1994.