Robert Gitzinger

Vu Wikipedia
Robert Gitzinger
Gebuer 12. Abrëll 1922
Orscholz
Gestuerwen 17. Abrëll 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Joseph Robert Gitzinger, gebuer den 12. Abrëll 1922 zu Orscholz, a gestuerwen de 17. Abrëll 2018[1] war e lëtzebuergesche[2] Politiker (DP).[3]

Den 13. November 1979 gouf de Robert Gitzinger eng éischte Kéier als Deputéierten an der Chamber vereedegt, wéi hien nom Doud vum Charles Wagner an d'Chamber nogeréckelt ass.[4] Hien huet säi Mandat bis 1984 behal.

De Robert Gitzinger ass de 26. Januar 1988 nom Doud vum Victor Braun als Deputéierten an d'Chamber nogeréckelt[5]. Bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 gouf hien erëmgewielt an huet säi Mandat bis 1994 erfëllt.

De Robert Gitzinger war vun 1976 bis 1996 Member vum Gemengerot vun der Stad Réimech: vun 1976 bis 1981 als Schäffen, vun 1982 bis 1993 als Conseiller a vun 1994 bis 1996 als Buergermeeschter.[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Den DP-Politiker Robert Gitzinger ass dout." rtl.lu, 18.04.2018, 08:58:18.
  2. Lëscht vun de Leit déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun kritt hunn am Tageblatt vum 6. September 1950 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-25.
  3. Erënnerung un den 80ten Anniversaire vum Robert Gitzinger an der 39. Sëtzung vum Chamberjoer 2001 de 17. Abrëll 2002
  4. Vereedegung vum Robert Gitzinger an der 7. Sëtzung vum Chamberjoer 1979 den 13. November 1979
  5. Vereedegung vum Robert Gitzinger an der 23. Sëtzung vum Chamberjoer 1987 de 26. Januar 1988
  6. Luxemburger Wort 2018-04-20, S. 56 (Doudesannonce vun der Stad Réimech)