Victor Braun

Vu Wikipedia
Victor Braun
Gebuer 23. Abrëll 1914
Iechternach
Gestuerwen 19. Dezember 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei
Dem Braun säi Graf um Maacher Kierfecht

De Victor Braun, gebuer den 23. Abrëll 1914 zu Iechternach[1] a gestuerwen den 19. Dezember 1987, war e lëtzebuergesche liberale Politiker (DP).

Hie gouf 1948 Member vun der Demokratescher Partei an ass 1954 fir kuerz Zäit an d'Plaz vum Erny Wiltzius an d'Chamber, fir de Walbezierk Osten, nogeréckelt. Bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 gouf hien net an d'Parlament gewielt, an huet duerno fir en ettlech Joren d'aktiv Politik op der Säit gelooss, fir sech op säi Beruff, am Beräich vun der Sozialversécherung, ze konzentréieren[2].

Den 1. Januar 1976 gouf hie Buergermeeschter vun der Gemeng Gréiwemaacher[1], wou en zanter sengem Bestietnes gewunnt huet[2]. Hien huet dëst Amt bis zu sengem Doud, den 19. Dezember 1987, behalen[1].

Bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979 huet hien nees kandidéiert, a gouf déi Kéier gewielt, grad wéi och bei deene vum 17. Juni 1984[2].

Hien ass stënterlech, e puer Deeg viru Chrëschtdag 1987 gestuerwen.

1991 gouf zu Gréiwemaacher eng Strooss (Rue Victor-Braun) nom him genannt[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 „Si ware wäertvoll fir Gréiwemaacher” (VI) „De Vic Braun: Eng stad- a landbekannt Perséinlechkeet“ am bulletin municipal 8/18 op www.grevenmacher.lu
  2. 2,0 2,1 2,2 "Hommage à M. Victor Braun". Chambre des Députés: Compte-rendu des séances publiques, Session ordinaire 1987-1988, n°7/87-88. 23e séance, mardi 26 janvier 1988, col. 1076-1080.