René Hengel

Vu Wikipedia
René Hengel
Gebuer 8. Januar 1928
Gestuerwen 27. November 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

De René Hengel, gebuer den 8. Januar 1928[1] am Neiduerf a gestuerwen de 27. November 2012[2], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

De René Hengel war Elektriker vu Formatioun. 1945 gouf hie Member vum nei gegrënnten LAV, der Virgängerorganisatioun vum OGBL.[3] Hie gouf do spéider Sekretär a Chefredakter vun der Gewerkschaftszäitschrëft Arbecht.[4]

1947 gouf hie Member vun der LSAP, fir déi hie vun 1964 bis 1994 Deputéierte fir de Bezierk Zentrum an der Chamber war. Ausserdeem war hien och vun 1969 bis 1975 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg[3] souwéi vun 1981 bis 1989 an deem vun Hesper.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op assembly.coe.int.
  2. "Doud vum laangjäregen LSAP-Politiker René Hengel." RTL.lu - 28.11.2012, 06:51.
  3. 3,0 3,1 "LSAP Abgeordneter René Hengel verstorben." tageblatt.lu, 28. November 2012 07:15; Akt: 28.11.2012 09:42.
  4. "René Hengel est décédé à l'âge de 84 ans." L'essentiel online, 28 novembre 2012 09:27; Act: 28.11.2012 10:22.
  5. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Oktober 2022
  6. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022