Théo Stendebach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Theo Stendebach)
Théo Stendebach
Gebuer 20. Abrëll 1937
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Deputéierten, Schlässer
Veräin/Ekipp Stade Dudelange
Partei Demokratesch Partei, CSV


Den Théo (Théid) Stendebach, gebuer den 20. Abrëll 1937 zu Diddeleng,[1] ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller,[2] Geschäftsmann a Politiker, fir d'éischt DP, duerno CSV.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem 17. Juni 1959 am 17. November 1971 huet den Théo Stendebach 26-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3] Seng Plaz war am Gol. Hien huet zu Diddeleng op der Stade ugefaange mat spillen, huet duerno als Profi fir den SV Waldhof Mannheim gespillt, ier en nees op Lëtzebuerg koum fir do nach en ettlech Joer bei der Aris ze spillen.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Vum 25. Januar 1994 bis den 3. Juni 1994, vum 11. Februar 1998 bis den 8. Juni 1999 a vum 12. August 1999 bis 2004 war hien Deputéierten an der Chamber. Wärend der Legislaturperiod 1999-2004 huet hin der DP Äddi gesot an ass eriwwer an d'CSV gewiesselt.[4]

1982 war hien an de Gemengrot vun der Stad Lëtzebuerg komm wou hie bis ..? war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 409
  2. Den Théo Stendebach op der Websäit vun der Football Database.eu
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Théo Stendebach op der Websäit vun European Football
  4. Aktivitéitsrapport vun der Chamber 2003/2004