Yves Cruchten

Vu Wikipedia
Yves Cruchten
Gebuer 1. Mee 1975
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Famill
Papp Alphonse Cruchten

Den Yves Cruchten, gebuer den 1. Mee 1975 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).

Vun 2000-2005 war hie Generalsekretär vun de JSL (Jeunesses socialistes luxembourgeoises) a vun 2004 bis 2010 Vizepresident vun der LSAP. Vun 2010 bis 2019 war hie Generalsekretär vun där Partei. Den 8. Mäerz 2020 gouf en zu hirem neie President gewielt.[1]

Zanter Oktober 2005 ass hien am Gemengerot vun der Gemeng Käerjeng.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien zum Deputéierten am nationale Parlament gewielt. Bei deene vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember fir de Jean Asselborn, dee Minister gouf, nogeréckelt.[2] Och bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 ass hie fir den Asselborn, deen op säi Mandat verzicht huet, den 21. November nogeréckelt.[3]

Den Yves Cruchten ass de Fils vum Alphonse Cruchten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "LSAP-Kongress: 98,6 Prozent für Yves Cruchten." wort.lu, 08.03.2020.
  2. Actualité of chd.lu.
  3. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.