Centre Wax
Ausgesinn
|
De Kulturzentrum Wax (Feb. 2017) | |
| Land | Lëtzebuerg |
|---|---|
| Plaz | Péiteng |
| Koordinaten | 49°33'37,34"N, 5°52'18,52"O |
|
| |


De Centre Wax ass e Kulturzentrum zu Péiteng um Eck vun der Rue d'Athus an der Rue de l'Église, deen an der renovéierter Péitenger Millen ageriicht gouf an ënner der Gestioun vun der Konscht-Millen Péiteng a.s.b.l. steet.
D'offiziell Aweiung war den 18. Oktober 2012 a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert.[1]
Geschicht vum Gebai
[änneren | Quelltext änneren]- 1983: Mam Millebetrib gëtt opgehalen, nodeem d'Millen 200 Joer laang am Besëtz vun der Famill Waxweiler war.
- 198x: De Staat keeft d'Gebai mat allem wat derzou gehéiert, fir kënnen de Contournement vu Péiteng ze bauen.
- 1986: D'Mille gëtt als nationaalt Monument klasséiert.
- 2000: D'Gebaier gi vun der Gemeng Péiteng ënner dem deemolege Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf fir 11,5 Millioune Frang opkaaft.
- 2009 - 2012: Renovatioun an Ëmbau vun de Gebaier. Zoustänneg fir d'Renovéierung war d'Tatiana Fabeck. D'Maschinne vun der Mille sinn och erhalen a renovéiert ginn.
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- Am Rez-de-chaussée ass eng Brasserie an e Restaurant ageriicht.
- Um éischte Stack si Konschtatelieren.
- De Raum ënner dem Daach, kann och fir Versammlungen a Receptioune benotzt ginn.
De Veräi Konscht-Millen Péiteng
[änneren | Quelltext änneren]D'Associatioun gouf den 28. Juni 2012 gegrënnt mam Zweck fir de Centre Wax ze verwalten a soziokulturell ze beliewen[2]. President ass de Roger Klein.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Centre Wax (archvéiert)
- Websäit vum Veräin Konscht-Millen (archivéiert)
- Webäit vun der Konschtmillen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Octavie Modert assiste à l'inauguration du nouveau centre de rencontre socio-culturel, le WAX, à Pétange. gouvernement.lu, 18-10-2012.
- ↑ http://www.etat.lu/memorial/2012/C/Pdf/c2096238.pdf#Page=2 D'Statuten, Memorial C No 2096 vum 23. August 2012.
