Péitenger Millen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Péitenger Millen, 30/09/2012

D'Péitenger Millen war eng Millen zu Péiteng. Si war a Betrib bis 1983. Zanter dem Oktober 2012 ass de Kulturzentrum Wax dran ënnerbruecht.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Mille steet op der Kräizung vun der Kierchstrooss (N5B), Athuserstrooss (N5B), Léngerstrooss (CR111) a Belairstrooss. Si gouf ugedriwwe mam Waasser vun der Kuer wat bei engem Wier ofgezweigt an iwwer e 750 Meter laange Kanal der Millen zougefouert gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer enger Dir vun der Millen ass d'Joerszuel 1760 agravéiert. Dofir gëtt ugeholl datt d'Millen deemools gebaut gouf. Ausserdeem beleet en Dokument vu 1760 datt de Péitenger Mëller Hubert Hirsch dem Notaire François Dandoy vu Saint-Hubert verschidden Terraine verkaaft huet.

1824 ass d'Millen am Kadasterplang agezeechent. Als Proprietär gëtt den Hubert Waxweiler (1782 - 1852) ernimmt.

Ee vu sengen néng Kanner, den Nikolaus Waxweiler (1815 - 1905), iwwerhëlt duerno de Betrib.

Deem säi Jong, de Jean Waxweiler (1856 - 1921), gëtt den nächste Mëller. Vu 1906 bis 1918 war hien och Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng. No him gouf eng Strooss gedeeft, net wäit ewech vun der Millen. Och hie sollt néng Kanner kréien.

Zwéin dovun, den Dominique Léon (1900 - 1976) an de Joseph Waxweiler, gi seng Nofolleger.

1922 zerstéiert e Feier déi al Millen an eng nei a modern Millen entsteet. Déi zwee al Millerieder (Duerchmiesser: 3,50 Meter, Breet: 2 Meter) ginn duerch eng Francis-Turbinn vun 13 PS ersat.

1933 gouf nieft der Millen e Lagergebai opgeriicht.

1937 plënnert den Dominique Léon Waxweiler mat senger Fra Anna Tockert an en neit Wunnhaus, d'"Rout Haus", dat nieft der Millen nei gebaut gi war.

1950 gouf fir d'lescht Miel produzéiert. Et gouf elo nëmme méi Schrout gemuel a mat Fuddermëttel gehandelt.

1957 plënnert och deen anere Mëller, de Joseph Waxweiler, mat senger Famill an en nei gebaut Wunnhaus nieft der Millen.

1976 goufen d'Wier an de Millekanal un d'Péitenger Gemeng ofgetrueden.

1983 ass Schluss mam Millebetrib.

An den 1980er Jore keeft de Staat d'Gebailechkeete mam ganzen Ëmrank fir kënnen de Contournement (N31) vu Péiteng ze bauen.

1986: D'Mille gëtt als nationaalt Monument klasséiert.[1]

2000: D'Gebailechkeete gi vun der Gemeng Péiteng ënner dem deemolege Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf fir 11,5 Millioune Frang opkaaft.

2009 - 2012: Renovatioun an Ëmbau vum Gebai fir e Kulturzentrum ze schafen. Zoustänneg fir d'Renovéierung war d'Tatiana Fabeck. Verschidde Maschinne vun der Mille goufen erhalen a renovéiert.

18. Oktober 2012: Aweiung vum Kulturzentrum Wax a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Oplo. E. Borschette & Impr. Saint-Paul, S. 464

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 5. Mäerz 2020).
  2. Octavie Modert assiste à l'inauguration du nouveau centre de rencontre socio-culturel, le WAX, à Pétange. gouvernement.lu, 18-10-2012