Op den Inhalt sprangen

Tit Schroeder

Vu Wikipedia
Tit Schroeder
Gebuer 12. Januar 1911
New York
Gestuerwen 27. Januar 1986
Useldeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser

Den Théodore Henri ("Tit") Schroeder, gebuer den 12. Januar 1911 zu New York, a gestuerwen de 27. Januar 1986 zu Useldeng[1], war e lëtzebuergeschen Auteur.

Den Tit Schroeder, de Jong vun engem lëtzebuergesche Papp an enger Mamm aus dem franséische Baskeland[1], huet e puer Joer zu New York gelieft a koum dann, am Alter vun néng Joer, als Hallefweese mat sengem Papp op Lëtzebuerg, wou hien emol fir d'éischt huet misse Lëtzebuergesch léieren. Hie gouf vu sengem Monni a senger Tatta „a Wierwermaatshaus“ gezillt a gouf dem Hausnumm no „Wierwermaatsdittchen“ genannt[1]. No senger Primärschoul zu Useldeng huet e säi Secondaire zu Dikrech gemaach.

Hie war Englesch-Professer an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht.

Hien ass virun allem fir seng Gedichter an Theaterstécker op Lëtzebuergesch bekannt ginn, dorënner d'Gedichtsbänn Um haalwe Wee (1966) an De gaunze Wee (1991) an d'Theaterstécker Besuch um Wudderhaff (1963), De Schäffe vum ale Maart (1963) an D'Pëltgesfamill (1965).

Stroosseschëld

Den 1. Oktober 2011 gouf zu Useldeng eng Plaz (de Mëlleschgruef) nom Tit Schroeder genannt, an och eng Büst, déi vum Georges Calteux geschaf gouf, ass do opgestallt ginn.[2]

Wierk (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1961: Besuch um Wudderhaff: Komeidistéck a 6 Biller
  • 1963: De Scheffe vum ale Maart: ech gi mei Wee  : eng Chronik aus der aler Zeit an 11 Biller mat engem Prolog an engem Epilog
  • 1964: D'Pöltches Famill, oder, De Pöltches Bärend a seng Leit: eent Stéck an zing Biller

Referenzen an Notten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Informatiounsplack nieft der Büst zu Useldeng
  2. ArWa, 2011. Festakt zu Ehren von Tit Schroeder. Büste auf der "Place Tit Schroeder" in Useldingen enthüllt. Luxemburger Wort vum 5. Oktober 2011, S. 26.