Demy Schlechter

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen

Den Dominique (genannt Demy) Schlechter, gebuer de 16. Februar 1884 zu Donkels a gestuerwen den 13. Juni 1923 um Lampertsbierg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Hien ass zu Dikrech an de Kolléisch gaangen, gouf awer virun der Première an d'Stad an e Buttek an d'Léier geschéckt. Hien huet sech awer weider niewelaanscht a Konscht a Literatur virugebilt. Nodeem en dem Willy Goergen seng Heemechtstéin gelies huet, huet en decidéiert, just nach op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Virdru ware seng Gedichter op Däitsch.

Seng éischt Publikatioun war en Eenakter, e Kaméidistéck, dat Sou sinn s'all geheescht huet. Duerno huet en zwee Stécker geschriwwen, déi awer net gedréckt goufen: Wat de Villche vum Chrëschtkëndche krut a Wat den Himmel huet gebonnen. Duerno huet den Demy Schlechter e Gedichtsband publizéiert, Vioulen, an en Eenakter, Et woren zwee Kinnekskanner. E weidere Gedichtsbändchen Nei Vioulen koum net méi eraus, an en Theaterstéck a 4 Akten, Déi helleg Äerd, ass net méi fäerdeg ginn, wéi de Schlechter, deen um Enn vu sengem Liewe selbstännege Reesender war, gestuerwen ass.

Den Demy Schlechter ass de Papp vum Ger a vum Pe'l Schlechter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]