Koma21

Vu Wikipedia

Koma21 ass e Jugendroman a Lëtzebuerger Sprooch vun der Auteurin Anja Di Bartolomeo, deen am November 2022 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

De Roman erzielt a Form vun engem fiktiven Tagebuch d'Erliefnesser vun der 16-järeger Liv, déi net nëmmen mat den altersübleche Pubertéitsprobleemer ze dinn huet, ma och zousätzlech mat den Aschränkungen, déi duerch den "Aaschlachvirus" COVID-19 operluecht goufen...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Koma21 ass der Anja Di Bartolomeo hiren éischte Roman op Lëtzebuergesch. Si huet dofir mat hirer eegener Duechter Giulia zesummegeschafft, déi och d'Illustratiounen am Buch gemaach huet. De Roman gouf op de Walfer Bicherdeeg 2022 virgestallt.[1]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "«Koma 21»: mère et fille s'associent pour un roman destiné aux jeunes." lessentiel.lu, 17.11.2022.