Anne Faber

Vu Wikipedia
Anne Faber
D'Anne Faber um Stater Maart am September 2021
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Kent,
University College London,
Universitéit vu London
Aktivitéit Schrëftsteller, Televisiounsproduzent, Blogger, Journalist

D'Anne Faber ass eng lëtzebuergesch Journalistin, Televisiounspresentatrice an Autorin vu Kachbicher. Si ass bekannt fir hir Buch- an Televisiounsserie Anne's Kitchen.

Si huet op der University of Kent englesch Literatur studéiert, an hir Studie mat engem Master an Englesch um University College London 2007 mat enger Aarbecht iwwer d'Iessen an de Romaner vum Roald Dahl ofgeschloss. Dat Joer drop huet si en Opbaustudiëgank a Journalismus op der City University London gemaach[1][2]. Déi Zäit huet si als Reporter fir APTN, ZDF an RTL geschafft. 2010 huet si ugefaangen, e Blog iwwer hir Kachrezepter ze schreiwen, mam Numm Anne's Kitchen. Dëse krut 2013 e Präis vu Food & Wine[1],[3]. Dëse war d'Basis vun enger Kachemissioun op RTL Tele Lëtzebuerg, an där et ëm Rezepter goung, déi englesch Kiche mat där lëtzebuergescher verbannen. Dozou koum och hiert éischt Kachbuch eraus.

Am September 2014 koum dat zweet Buch eraus, Anne's Kitchen: Barcelona, Istanbul, Berlin, zu där et och 10 Episoden op der Tëlee gouf, an deenen et ëm d'typesch Kichen aus deenen dräi Stied goung[4]. 2016 koum dat drëtt Buch eraus, Anne's Kitchen, Home Sweet Home...My Luxembourg, dës Kéier mat Rezepter vu lëtzebuergesche Kichespezialitéiten, zu deem et och nees eng Staffel Emissiounen op der Tëlee gouf[5],[6].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Anne's Kitchen - HSH - My Luxemburg, Éditions Schortgen
  2. "Here's one I made earlier!" wort.lu, 18. September 2014.
  3. F&W's Digital Food Awards 2013. Archivéiert op 2016-12-09. Gekuckt de(n) 2018-02-19.
  4. Anne's Kitchen - Barcelona-Istanbul-Berlin Éditions Schortgen
  5. Marques, David: "Anne Faber revisite la cuisine luxembourgeoise dans un livre."| lequotidien.lu, 19. Oktober 2016
  6. "Anne's Kitchen" op rtl.lu. 9. November 2016