Roland Harsch
Ausgesinn
Roland Harsch | |
---|---|
Gebuer |
24. Juli 1951 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Jongelycée |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Lycéesprofesser |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
De Roland Harsch, gebuer de 24. Juli 1951 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
De Roland Harsch huet zu Wien an zu Tréier Anglistik a Germanistik studéiert. Vu Beruff ass hien Däitschprofesser. Hien ass bestuet an huet 4 Kanner.
Zanter 1986 publizéiert hien dacks ironesch a parodistesch Texter a lëtzebuergeschen Zeitungen an Zäitschrëften,wéi récré, Les Cahiers luxembourgeois, Die Warte, Le Phare, d'Lëtzebuerger Land, Den Neie Feierkrop oder woxx. Hien ass och Auteur vun Theaterstécker a Cabaretsprogrammer.
Hie krut 1990 de gëllene Schniewel beim 12. Mundartwettbewerb Saarbrücken an 2001 de Servais-Präis fir Laub und Nadel.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Rasch T Auer, Gedichter a Prosa; Éditions Guy Binsfeld, 2014, 280 S. ISBN 978-2-87954-286-7
- Duda. Kurioses aus dem Rotstiftmilieu; mat Illustratione vum Carlo Schmitz, Éditions Guy Binsfeld, 2011, 224 S. ISBN 978-2-87954-249-2
Monographien
[änneren | Quelltext änneren]- Musikalische Federspiele. Divertimento in neun Sätzen (mam Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 1996 (= collection APESS 7).
- Kalendarium für geplagte Stadt- und Landleut (Zeechnunge vum Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 1997 (= collection APESS 8).
- Laub und Nadel (Zeechnunge vum Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 2000 (= collection APESS 11).
- Stiller Ozean (Illustratioune vun der Mariette Flener-Muller). Roedgen. 2004.
- Parodies...und das (Zeechnunge vum Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 2004 (= collection APESS 14).
Artikelen
[änneren | Quelltext änneren]- Fausts unersättliche Entbeerung: Die literarische Erörterung in: Journal de l'APESS. Nr. 37, Januar 2001, S. 55
- Ein Albtraum: Der Sandweiler; Ouschteren 2000; Getrübte Feiertage in: CL. Nr. 4, 2001, S. 19-22
- Juckreiz: So gut wie überall in: récré, annuaire culturel de professeurs luxembourgeois, Nr. 17, 2001, S. 83-108
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Roland Harsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |