Jay Schiltz

Vu Wikipedia
Jay Schiltz
De Jay Schiltz liest aus sengem Buch «Aschengänger» vir, Kinneksbond Mamer, Januar 2015.
Gebuer 28. Januar 1958
Stengefort
Gestuerwen 20. Mee 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kabarettist, Journalist, Auteur
Famill
Bestuet mat Francine Closener

De Jean ("Jay") Schiltz, gebuer den 28. Januar 1958 zu Stengefort a gestuerwen den 20. Mee 2020[1], war e lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Kabarettist.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien 1978 säi Secondaire am Athénée de Luxembourg mam Premièresdiplom ofgeschloss hat, goung hie fir d'éischt bei d'Eisebunn schaffen an duerno bei d'Gemengenadministratioun vu Stengefort.

Hien huet duerno eng Karriär als Journalist ugefaangen andeems hien an der Redaktioun vum Radiosender RTL geschafft huet a méi spéit beim Televisiounssender RTL.

Vum 1. Januar 2002 bis Ufank Dezember 2013 war hie Chefredakter beim Radio 100,7. Hien ass du vun deem Posten zeréckgetruede fir sech nees méi op seng Aarbecht als Journalist ze konzentréieren an och, fir net an Interessekonflikter ze geroden, well seng Fra, d'Francine Closener Staatssekretärin an der Regierung Bettel-Schneider gouf[2]. Säin Nofollger als Chefredakter gouf dunn de Jean-Claude Franck[3].

De Jay Schiltz huet zanter 1991 Theaterstécker an zanter 2000 Cabaretsprogrammer geschriwwen.

Vu Januar 2003 bis Mee 2006 huet hie Bäiträg fir Kulturissmo, d'Kulturbeilag vum Tageblatt geschriwwen.

Zanter 1996 huet hie Schülerreese mat Visitte vum KZ Auschwitz-Birkenau a Polen begleet. Déi Reese goufen den Ustouss fir d'Buch Aschengänger - Erzählung einer langen Reise ze schreiwen, dat 2003 erauskoum.

De Jay Schiltz war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Hie war de Jong vum Auteur Roger Schiltz (1930-2005).

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Theater[änneren | Quelltext änneren]

  • Game over, 1991
  • Schäinhelleger Owend,, 1992
  • Eng Schnéischëpp, Chreschtdag an eng Rees an Italien, 1996
  • E Wäibierg an Alaska, 2005
  • Wanterdreem, 2007
  • Papa, tu dors?, 2008
  • De Schaf, 2009
  • Ängri ould börds, 2013

Cabaret[änneren | Quelltext änneren]

  • Cabarenert
    • Endstatioun Geenzuucht, zesumme mam Josy Braun a Rol Gelhausen, 2000
    • Onkraut vergeet net, zesumme mam Josy Braun a Rol Gelhausen, 2000
    • Fixfeier, zesumme mam Josy Braun a Rol Gelhausen, 2001
    • Maach d'Kräiz... an alles bleift besser, zesumme mam Rol Gelhausen, 2003
    • Schwamm driwwer, zesumme mam Josy Braun a Rol Gelhausen, 2005
    • Alles am A..., zesumme mam Rol Gelhausen a Claudine Muno, 2007
  • Cabaret Roude Léiw
    • Béierdéckelsgespréicher, 2006
    • Béierdéckelsgespréicher 2, 2009
  • Soloprogramm
    • An-Eck-Doten, 2005
    • Ex Cathédral, 2010
    • No politics, 2016

Kulturissimo-Bäiträg[änneren | Quelltext änneren]

  • Neues Jahr, Januar 2003
  • Gedanken zu einem Jahr des Krieges, Januar 2004
  • Tiefflug über dem Biertisch, Mäerz 2004
  • Über die Banalität des Leidens, Abrëll 2004
  • Kertesz, Mee 2004
  • Im Schatten der Hochöfen, Juni 2004
  • Das blaue Wunder, Juli 2004
  • Skulls und Bones, Oktober 2004
  • Die verbrannte Frau, November 2004
  • Kannibalismus, Dezember 2004
  • Die Leichenrede des Perikles, Januar 2005
  • Ich möcht in Auschwitz..., Februar 2005
  • Hirsch heißt Kultur, Mäerz 2005
  • Tu es Petrus, Abrëll 2005
  • Vox Rindvieh, Mee 2005
  • Referendum, Juni 2005
  • Risse, Juli 2005
  • Der gute Onkel aus Amerika, Oktober 2005
  • Das mit den Äpfeln und den Birnen, November 2005
  • 2005, Dezember 2005
  • Meier lebt, Januar 2006
  • Coras Hund, Februar 2006
  • Das belämmerte Schweigen, Mäerz 2006
  • Der Panther, Mee 2006

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 131-134

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jay Schiltz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Jay Schiltz s'en est allé." wort.lu, 21 mai 2020.
  2. Lëtzebuerger Land: "A l'usure", 9. Dezember 2011, Säit 5
  3. rtl.lu 20. Dezember 2013