Op den Inhalt sprangen

Pit Weyer

Vu Wikipedia
Pit Weyer
Gebuer 19. Juni 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Graveur
Famill
Bestuet mat Anne Weyer
Papp Lex Weyer
Kanner Lex Weyer

De Pit Weyer, gebuer den 19. Juni 1940 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Graphiker an Zeechner.

Hien ass virun allem bekannt fir seng Affichen, déi e fir d'Nationalloterie (iwwer 50 Stéck vun 1957 bis 1995) a fir Theaterstécker (iwwer 160 verschidde Motiver tëscht 1958 bis 2012) gemoolt huet, ma och fir déi sëllegen Illustratiounen am Gemengeblat ons stad.

Zu de Bicher, déi hien illustréiert huet, ziele Pinocchio, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Yvette Moris (2003), Maische Jucky (2005) a Scheewercher zielen (2011), allebéid vun der Yvette Moris.

Zanter 1965 ass hie mat der Kënschtlerin Anne Weyer bestuet.

De Pit Weyer huet mat sengem Papp, dem Lex Weyer senior (1914-2005), 1965 ee vun deenen éischte Graphikatelieren opgemaach: lex & pit weyer.

Zanter 2004 schafft de Lex Weyer junior (*1966) zesumme mat sengem Papp Pit Weyer an dëser Firma.

  • Fayot, Ben: Das Künstlerehepaar Anne und Pit Weyer und das Theater in Luxemburg, In: ons Stad Nr 59, 1998, S. 32-35 (Link op den Artikel)
  • Feller, John: Pit Weyer und die Ikone der "Menster Quetschekiermes", In: 50 Jar Menster Quetschekiermes (1974-2024), Amicale vun de Menster Duerfveräiner, 2026, S. 69-74, ISBN 978-2-87996-198-9.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 666