Pinocchio

Vu Wikipedia
Zeechnung vum Pinoccio

Pinocchio (ital.: "Piniekär" oder "Stéckelche Piniebam") ass de fiktiven Haaptpersonnage vum Buch Le avventure de Pinocchio. Storia di un burattino (D'Aventurë vum Pinocchio. Geschicht vun enger Marionett), dat 1883 vum italieenesche Schrëftsteller a Journalist Carlo Collodi publizéiert gouf, nodeem se virdrun als Fortsetzungsgeschicht an enger Wochenzeitung ofgedréckt gi war. Et handelt sech ëm eng hëlze Popp, déi lieweg gëtt, an eng ganz Rëtsch Aventuren erlieft. Markant ass, datt seng Nues méi laang gëtt, wann e litt.

D'Buch war vun Ufanks un e Succès, wéi et erauskoum, an et gouf a méi wéi 400 Sproochen an Dialekter iwwersat (dorënner 2003 op Lëtzebuergesch). Et gëtt eng sëllege Verfilmungen (mat déi bekanntst sinn déi vun der Walt Disney Company vun 1940 als Dessin animé an déi vum Luigi Comencini als Tëleesserie vun 1972) an Adaptatiounen (op Lëtzebuergesch z. B. als Theaterstéck vum Jemp Schuster).

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Den Geppetto, en aarmen italieenesche Schräiner, schnëtzt aus engem Stéck Holz, dat schwätzt, laacht a kräischt wéi e Kand, eng Marionett, déi e Pinocchio nennt. De Pinocchio stiicht der ëmmer nees an erlieft eng sëllegen Aventuren: Hie schwänzt d'Schoul a begéint engem Marionettespiller, an och der Kaz an dem Fuuss, déi en iwwerfalen an ophänken. Hie gëtt vun der bloer Fee gerett. Duerno geet de Pinocchio mat sengem Kolleeg Lucignolo (Heemelmaus) an d'Spillgezeiland. Do gëtt hien an en Iesel verwandelt. Hie gëtt an d'Mier gehäit a vun engem Wal ofgeschléckt. Am Bauch fënnt hien den Gepetto. Um Schluss gëtt hie fläisseg a schafft fir d'Schoul, an enges Daags erwächt en als liewege Bouf.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Carlo Collodi: Dem Pinocchio seng Abenteuer: d'Geschicht vun enger Marionett. Integral aus dem italieeneschen Original iwwersat vum Yvette Moris; ill. vum Anne a Pit Weyer. Esch/Alzette: Ed. Le Phare, 2003. ISBN 2-87964-058-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pinocchio – Biller, Videoen oder Audiodateien