Laurent Witz
| Laurent Witz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
21. November 1975 Haguenau |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Filmproduzent, Animateur, Filmregisseur |
| Auszeechnungen | Oscar fir de beschten animéierte Kuerzfilm, Chevalier des Arts et des Lettres |
| Websäit | http://www.witz.fr/ |
|
| |
De Laurent Witz, gebuer den 21. November 1975 zu Haguenau, ass e franséischen Animateur a Filmproduzent.
Hien huet op der École supérieure d'art de Lorraine zu Metz studéiert a scho wärend sengem Studium tëscht 1997 an 1998 4 Animatiounsfilmer realiséiert. Wéi een 3D-Animatioun mécht, huet hie sech selwer bäibruecht.[1] Zanter 2002 lieft hien zu Lëtzebuerg wou en als Animateur vun ë. a. dem éischte Lëtzebuerger Animatiouns-Laangfilm Roman de Renart matgeschafft huet.
2007 huet hien d'Produktiounsfirma ZEILT Productions gegrënnt, an 2010 d'Firma WATT Frame. Nieft Animatiouns-Reklammsfilmer hunn déi zwou Produktionsfirmen och 2012-2013 de Kuerzanimatiounsfilm Mr Hublot ausgeschafft, fir deen de Witz zesumme mam Co-Regisseur Alexandre Espigares 2014 den Oscar an der Kategorie Beschten animéierte Kuerzfilm krut.
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 2007: Roman de Renart
- 2013: Mr Hublot
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- IMDb
- Biographie vum Laurent Witz am Presseheft fir Mr Hublot, S. 7.
- Kuerzbiographie vum Laurent Witz op arte.tv
- Websäit vun ZEILT Productions
