Mr Hublot
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Frankräich |
Première | 21. September 2013 |
Dauer | 11 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | ouni Dialog |
Ekipp | |
Regie |
Laurent Witz Alexandre Espigares |
Dréibuch | Laurent Witz |
Fotografie | Laurent Witz |
Musek | François Rousselot |
Produzent |
ZEILT Productions, Watt Frame (Laurent Witz) |
Schauspiller | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Mr Hublot ass e lëtzebuergesch-franséischen, animéierte Kuerzfilm vum Laurent Witz an Alexandre Espigares aus dem Joer 2013. E krut 2014 den Oscar fir de beschten animéierte Kuerzfilm.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Monsieur Hublot ass e scheie Männche mat engem décke Brëll an enger sëllegen Zwangsstéierungen, deen zeréckgezunn an enger klenger Wunneng lieft, a seele virun d'Dier geet. Vis-à-vis op der Strooss fält him e klenge Mupp op, deen e schliisslech bei sech ophëlt. De Mupp fillt sech ufanks wuel a senger Wunneng, ma e gëtt lues a lues ëmmer méi grouss...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]D'Figur Mr Hublot baséiert op enger Skulptur vum belschen Artist Stéphane Halleux.
De Film gouf als 2D- an och 3D-Animatioun opgeholl.[1]
De Budget vum Film läit bei 215.000 Euro. E gouf zu 73% vun der lëtzebuergescher Firma Zeilt Productions an zu 27% vun der franséischer Watt Frame produzéiert (déi alle béid an der Haaptsaach dem Laurent Witz gehéieren). Zeilt Productions krut mat 112.496 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong bei der Entwécklung vum Dréibuch, bei der graphescher Ausaarbechtung, der Realisatioun, der Distributioun an der Promotioun ënner d'Äerm gegraff.[2] Op franséischer Säit gouf de Film vun der Regioun Loutréngen, dem Centre National du cinéma et de l'image animée an der Televisiounschaîne arte ënnerstëtzt.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Short Grand Prix um Internationale Filmfestival Warschau 2013
- Festivalpräis um Kerry Film Festival 2013
- Beschte Kuerzfilm um Animago Festival 2013 zu Potsdam
- Lëtzebuerger Filmpräis 2014 fir dee beschten animéierte Kuerzfilm.
an eng zéng aner Präisser, an zu gudder Lescht:
- Oscar 2014 fir de beschten Animatiouns-Kuerzfilm
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Säit vum Film
- "Oscars 2014: Lëtzebuerger Film 'Mr Hublot' gouf ausgezeechent." op rtl.lu, 04.03.2014, 11:03:11.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Vgl. Mr Hublot op videos.arte.tv
- ↑ Marie-Paule Rolland: "Les réactions en France suscitent une mise au point." Luxemburger Wort, 4. 3. 2014, S.12. "Ein Vorname für Mr Hublot." Tageblatt, 4. 3. 2014, S.13.