Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch

Vu Wikipedia

De Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch gouf mam Règlement grand-ducal vum 4. August 2022[1] an d'Liewe geruff a gëtt un Organisatiounen oder Persoune verginn, déi besonnesch Verdéngschter ëm d'Lëtzebuergescht opweises hunn.

De Präis, dee mat 5.000 € dotéiert ass, gëtt eemol d'Joer verginn, ausser d'Jury stellt fest, datt kee Verdéngscht besteet. E gëtt a Form vun enger Skulptur vun engem Kaweechelchen iwwerreecht, déi vun enger Klass aus dem BTS Game Art and Game Design vum Lycée des arts et métiers kreéiert ginn ass.[2]

Laureaten[änneren | Quelltext änneren]

Jury vum Präis[änneren | Quelltext änneren]

D'Jury besteet aus fënnef Persounen:

  1. dem Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch (President vun der Jury);
  2. dem Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch;
  3. dem President vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch;
  4. dem Direkter vum Institut national des langues Luxembourg;
  5. engem Vertrieder vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. legilux.lu, Règlement grand-ducal du 4 août 2022 portant sur les modalités d'attribution d'un prix national de la langue luxembourgeoise. legilux.lu (08.08.2022). Gekuckt de(n) 04.09.2022.
  2. 2,0 2,1 2,2 "Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch: Lex Roth an Alain Atten fir hiert laangjäregt Engagement geéiert." Communiqué op men.public.lu, 2023-02-23
  3. 3,0 3,1 Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch 2022/2023. vimeo.com (23.2.2023). Gekuckt de(n) 3.3.2023.