Ouschteree

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foodlogo.svg Dësen Artikel zum Thema Gastronomie an Iessen ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ouschtereeër

En Ouschteree ass en haartgekacht a gefierft oder bemoolt Ee, dat op Ouschtere verschenkt gëtt. An de leschte Jore gi se ëmmer méi duerch Schockelaseeër ofgeléist. Dem Brauch no ass et den Ouschterhues, deen d'Ouschtereeër bréngt.

Traditioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ee ass en uraalt Fruchtbarkeetssymbol. Sou ass et net verwonnerlech, datt et mam Fréijoer an dem Neiopliewe vun der Natur a Verbindung bruecht gëtt. D'Ouschtereeër si verstoppt, an d'Kanner musse se sichen. Éier se giess ginn, gi se getéckt, d. h. zwee Leit schloen d'Spëtzte vum Ee, dat se hunn, widdereneen. Deen, deem säint ganz bleift, huet gewonnen.

Firwat grad d'Ee d'Symbol vun Ouschteren ass, huet eng einfach Erklärung. Während der Faaschtenzäit, déi 40 Deeg dauert an um Karsamschdeg zu Enn geet, sollen d'Leit keng Eeër, kee Fleesch oder Mëllechprodukter iessen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ouschteree – Biller, Videoen oder Audiodateien
Schockelaseeër