Wilhelm Hülsemann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Wilhelm (Guillaume) Hülsemann, gebuer den 2. Februar 1871 am Pafendall a gestuerwen de 25. Abrëll 1921 zu Iechternach, war e kathoulesche Geeschtlechen an Auteur.[1]

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wilhelm Hülsemann ass den 10. August 1897 zum Priister geweit ginn. Hie war ee Joer laang Kaploun zu Néngsen a koum dann am September 1898 als Koadjutor an d'Iechternacher Bullett, d'Sankt-Jouseph-Pensionnat. Am August 1908 ass hie Paschtouer zu Béigen ginn.[2]

Während dem Éischte Weltkrich huet hie sech zesumme mam Charles Schaack ëm belsch Weesekanner gekëmmert.[3] Nom Krich hunn de Schaack an den Hülsemann zousätzlech en Hëllefswierk fir Éisträich gegrënnt, bei deem den Hülsemann, grad wéi bei der Hëllef fir d'belsch Kanner, déi dreiwend Kraaft war.[4][2]

De 17. Oktober 1919 ass den Hülsemann zréck op Iechternach komm, wou hie vun elo un Direkter vun der Bullett war.

De W. Hülsemann huet 1901 e Bichelche fir Pilger mam Titel Sankt-Willibrordus-Büchlein erausginn, wou d'Liewe vum Willibrord a Versen erzielt gëtt; donieft si Gebieder dran an e Willibrorduslidd mam Titel Im Jubel wir dich grüßen, wou den Text vum Hülsemann an d'Melodie vum Laurent Menager ass.[2] Den Hülsemann huet och nach e puer Gedichter verfaasst, déi am Joer 1900 an der Zäitschrëft Ons Hémecht ofgedréckt goufen,[5] an eng Biographie vum Laurent Menager, an eng aner vum Clausener Paschtouer Nicolas Leonardy.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Abtei von Echternach : zur Inauguration des St. Joseph-Pensionates in der Benediktinerabtei in Echternach. Grevenmacher : Buchdr. der Obermosel-Zeitung, 1898, 4 S.[6]
  • St. Willibrord : Gedicht zur ersten Oktavfeier des Heiligen in der Diözese Luxemburg. Echternach : P. Klüsserath, 1900, 49 S.
  • St. Willibrordus-Büchlein : enthaltend das Leben des Heiligen sowie besondere Gebete zu seiner Verehrung und zur Wallfahrt nach Echternach : ausserdem die gewöhnlichen christlichen Gebete / hrsg. von Wilhelm Hülsemann. Echternach : P. Klüsserath, 1901, 252 S.
  • Lorenz Menager: eine biographische Skizze. Luxemburg, P. Worré-Mertens, 1902, 87 S.
  • Kurzgefaßtes Lebensbild des hochw. Herrn Nikolaus Leonardy, gestorben als Pfarrer zu Clausen (Luxemburg). In: Ons Hémecht, 14(1908), S. 31-37, 66-80, 99-114. (och als Tiré à part erauskomm: Kurzgefasstes Lebensbild des hochw. Herrn Nicolaus Leonardy, gestorben als Pfarrer in Clausen (Luxemburg) / entworfen von Wilhelm Hülsemann. Luxemburg : F. Bourg-Bourger, 1908, 38 S.).

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, G. & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (Wilhelm Hülsemann S. 280).
  • Seiler, Emile, 1992. Vater der Schwachen. In: In Dei nomine feliciter, Nr. 4 / Pfingsten 1992. Hrsg. Willibrordus-Bauverein, Echternach, S. 3 (Beilage zum Lëtzeburger Sonndesblad).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beim Guy Krier (Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. In: 125 Jor Sang a Klang Pafendall. Luxembourg 1982, S. 62) steet als Stierfdag iertemlecherweis de 15. Abrëll 1921.
  2. 2,0 2,1 2,2 Seiler 1992.
  3. Kuck z. B.: Luxemburger Wort 1915, Nr. 49 (18. Februar), S. 3 (Ein Zwischenfall). [1]
  4. Luxemburger Wort 1925, Nr. 210 (29. Juli), S. 3 (Diekirch, 29. Juli.). [2]
    Kuckt och:
    Luxemburger Wort 1921, Nr. 97 (27. April), S. 1 (Herr Direktor Hülsemann †). [3]
    Luxemburger Wort 1921, Extrablatt - Bericht über die Kammersitzung vom 28. April, S. 3 (Pfaffenthal, 29. April.) (Mat engem Extrait aus der “Wiener Reichspost”). [4]
    Luxemburger Wort 1921, Nr. 129 (6. Juni), S. 3 (Noriff an Éisträich). [5]
  5. Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 480-481.
  6. Et handelt sech heibäi ëm en Text a Versen. Kommentéiert Extraiten dovu fënnt een am Frank Wilhelm sengem Artikel Nos professeurs écrivains, Festschrëft 150 Joër (sic) Iechternacher Kolléisch (1841-1991), Luxembourg 1992, S. 436-437.
  7. Memorial N°8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen