Nicolas Leonardy (Auteur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mat dem Auteur Nicolas Leonardy. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Leonardy.
Nicolas Leonardy
Gebuer 13. Mee 1858
Gestuerwen 21. Mäerz 1907
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois
Annonce am Luxemburger Wort 1899, Nr. 321 (17. November), S. 4.

Den Nicolas Leonardy, gebuer den 13. Mee 1858[1] zu Ouljen, gestuerwen den 21. Mäerz 1907 a Clausen (Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Leonardy ass 1882 zum Priister geweit ginn an ass dunn Professer am klenge Seminär vu Reims ginn. Donieft war hien de “père spirituel” vum franséischen Industrielle Léon Harmel senger Wiewerei am Val-des-Bois no bei Reims. 1885 ass hien zeréck op Lëtzebuerg komm a gouf Kaploun am Pafendall. Am Hierscht 1891 ass hie Rektor vum däitsche Gesellenhaus zu Bréissel ginn. 1896 gouf hie Paschtouer a Clausen.

Den Nicolas Leonardy, dee sech mat Entomologie beschäftegt huet, war ee vun de Grënnungsmembere vun der Fauna (Verein Luxemburger Naturfreunde) am Joer 1890. Hien huet 1891 dräi kleng Artikelen am éischte Joergank vum Bulletin vum neie Veräi publizéiert.

Méi produktiv war hie allerdéngs am literaresche Beräich als Auteur vun Theaterstécker a vun Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëften: Luxemburger Wort, Luxemburger Volksblatt, Das Luxemburger Land, Luxemburger Sonntagsblatt, Ons Hémecht, Illustrierter Familien-Kalender. Hien huet Pseudonymme benotzt wéi: "Christian E.", "Feierabend E.", "Klächen", "Nardy Leo" (Anagramm vu Leonardy) a "Kühner Leo" [e Wuertspill: Leo-(n)-ardy; ardy = phoneetesch “hardi" (fr) = "kühn" (de)].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Entomologesch Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ein Wort über Entomologie. Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, Mittheilungen aus den Vereinssitzungen, Jg.1(1891), S. 10-11.
  • Aus dem Leben eines schwarzen Künstlers (Rhynchites betulae L., Traubenwickler). Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, Mittheilungen aus den Vereinssitzungen, Jg.1(1891), S. 14-15.
  • Zwei kleine Unholde. - a) Der gemeine Holzbock oder die Hundszecke (Ixodes ricinus Latr.; lux. Beschzeck; fr. louvette, tique). b) Das Spargelhähnchen (Lema od. Crioceris, C. asparagi L.). Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, Mittheilungen aus den Vereinssitzungen, Jg.1 (1891), S. 39-40.

Literaresch Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Klöppelkrieg: vaterländisches Trauerspiel in 5 Aufzügen: mit einem Nachspiele. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft: J. Erpelding, 1890, 62 S. (zesumme mam Martin Schweisthal).
  • Levitenweisen. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft, 1895, 62 S.
  • Jung-Siegfried von Luxemburg: vaterländisches Trauerspiel in 3 Aufzügen. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft, 1899, 61 S.
  • Vergissmeinnicht: Novene für die Armen Seelen. Regensburg ; Rom ; New York: F. Pustet, 1900, 234 S.
  • Der Teufel im Glas: Trauerspiel in drei Aufzügen. Luxemburg: L. Bück, 1901, 36 S. (Beigabe zum: Volkswohl. Organ des Luxemburger Vereins gegen den Alkoholismus).
  • Lied eines Heimgekehrten / von N. Leonardy ; für Gesang mit Klavierbegleitung componirt von L. Held. Luxemburg: P. Worré-Mertens, 1901, 1 Heft. [4 S.]

Eng ausféierlech Bibliographie vun den Zeitungs- an Zäitschrëftenartikele fënnt ee beim Martin Blum.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 1990, S. 123: De Leonardy ass den 13. Mee 1858 op d'Welt komm; säi Papp, de Bauer Nicolas Leonardy, huet hien awer eréischt de 15. Mee zu Betzder op der Gemeng ugemellt. — Gebuertsdatume wéi de 15. Mee 1858 (Conter 2007, 2010) oder den 13. Mee 1857 (Blum 1981, S. 733) sinn also net richteg.