Martin Schweisthal

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Martin Schweisthal, gebuer de 25. Februar 1858 zu Bieberech a gestuerwen den 19. Juni 1922 zu Etterbeek (B) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Sproochewëssenschaftler.[1]

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Ofschlossexamen am Stater Kolléisch am Joer 1877 goung de Martin Schweisthal op Paräis an d'École pratique des hautes études. Duerno huet hien zu Prag an zu Heidelberg Philosophie a Literatur studéiert a säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss. Hien hat vu senger Studienzäit profitéiert, fir sech an der Archeologie ze spezialiséieren, wat erkläert, datt hie spéider President vun der archeologescher Gesellschaft vu Bréissel ginn ass.

1889 ass hie Bibliothekär vum Grof vu Flandern ginn. Parallel dozou huet hien déi däitschsproocheg Sektioun vum "Bureau international des tarifs douaniers", deen zu Bréissel ënner der Egide vum belschen Ausseministère funktionéiert huet, geleet. Vun 1912 bis 1922 war hie Bibliothekär vum belsche Kinnek Albert I.

Nieft linguisteschen Aarbechten huet hien och reng literaresch geschafft an z. B. Reesberichter an aner Artikele publizéiert. Zesumme mam Nicolas Leonardy huet hien e patriotescht Trauerspill iwwer de Klëppelkrich verfaasst; en huet awer och Kaméidistécker geschriwwen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Essai sur la valeur phonétique de l'alphabet latin, principalement d'après les grammairiens de l'époque impériale, Paris, E. Leroux, 1882.
  • Der Klöppelkrieg: vaterländisches Trauerspiel in 5 Aufzügen: mit einem Nachspiele. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft: J. Erpelding, 1890, 62 S. (zesumme mam Nicolas Leonardy).
  • Les Francs des bords de la Moselle et leurs descentants de Transylvanie. Arlon, 1904.

Eng détailléiert Opstellung vum Schweisthal senge Publikatioune bis an d'Joer 1900 ass am Martin Blum senger Bibliographie ze fannen.[2]

De Schweisthal huet och alt ënner dem Pseudonym “Quiroule Pierre“ oder "Peregrinus" publizéiert.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuerts- a Stierfdatum laut Gregor Spedener (Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Grevenmacher 1937, S. 83). Dës Datumer ginn duerch d'Doudesannonce am Luxemburger Wort 1922, Nr. 148 (28. Juni), S. 4 (Avis mortuaire), confirméiert. [1] — An der Literatur fënnt een awer och aner Datumer: 23. Februar 1858 fir de Gebuertsdag (Reuter 2003, Conter 2007, 2010); 22. Juni 1922 als Stierfdag (Reuter 2003, Conter 2007, 2010). An der Online-Versioun vum Autorenlexikon (gekuckt den 23.12.2011) stinn déi richteg Datumer. — D'Begriefnës vum Schweisthal war den 1. Juli 1922 zu Bieberech. Hie war mat der Marguerite de Thibault bestuet (cf. Doudesannonce am "Wort").
  2. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 2: M-Z. Kraus International Publications, S. 442-443.