Jugendherbergen zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stater Jugendherberg

Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell (2018) néng Jugendherbergen, déi an de folgenden Uertschaften ze fanne sinn: Beefort, Esch-Uelzecht, Fiels, Huelmes, Iechternach, Lëlz, Stad Lëtzebuerg, Rëmerschen a Veianen.

Geschicht vun de Jugendherbergen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

1933 gouf zu Lëtzebuerg déi éischt Jugendherberg opgemaach. Duerch d'Initiativ vum Professer Pierre-Joseph Müller an dem deemolege Generalsekretär vum Verband vun de Stied a vum Tourismuszentrum vu Lëtzebuerg, Jérôme Anders, ass déi éischt Jugendherberg zu Stengefort entstanen, déi dat ganzt Joer op hat. Am éischte Joer hat déi Jugendherberg scho 54 Iwwernuechtungen erreecht.

Den 19. Abrëll 1934 war d'Grënnungsversammlung vun der Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de la jeunesse [1]. D'Regierung an d'Arbed hunn d'Liga finanziell ënnerstëtzt.

Sou gouf an deem Joer och déi 2. Jugendherberg zu Réimech opgemaach, eng drëtt zu Klierf an nach eng aner zu Miersch. D'Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de jeunesse gouf domat Member vun der International Youth Hostel Federation.

1936 koum nach Kautebaach mat iwwer 200 Better dobäi, a war domat déi gréisst Jugendherberg zu Lëtzebuerg. An demselwechte Joer koumen och nach Bur un der Sauer a Réiden dobäi, an 1937 Veianen.

E wichtegt Evenement war d'Grënnung vum Club vun den Ajisten, den 9. Oktober 1938. Den Ajisten hiert Zil war, d'Jugendherberge méi attraktiv ze gestalten, sief et duerch Animatioun oder Aktivitéiten. De Carlo Hemmer war e wichtege Mann an dem Club, deen am éischte Joer schonn 309 Memberen hat.

Trotz dem Ausbroch vum Krich 1940 ass duerch d'Initiativ vum Carlo Hemmer déi éischt Editioun vum "De Kompass" (offiziellt Organ vun der Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de jeunesse) eraus komm.

Dat éischt Herbergennetz nom Krich huet aus 6 Jugendherberge bestanen: Ettelbréck, Stad Lëtzebuerg, Neimille bei Bilschdref, Réiden, Wolz a Bur.

1946 huet de provisoresche Komitee eng Grënnungsversammlung ageruff fir d'Erneierung vun der Jugendherbergszentral. Als neien Numm vun der fréierer Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de la jeunesse gouf Centrale des auberges de jeunesse luxembourgeoises (CAJL) gewielt.

Fir datt méi Leit Member ginn, a méi Iwwernuechtunge gebucht ginn, huet de Verband 1949 eng markant Decisioun geholl. En huet e Mataarbechter agestallt dee fir d'Sekretariat zoustänneg war. Et goufe Prospekter iwwer d'Jugendherbergen a Publicitéitsprospekter gemaach, a Membersformulairen entwéckelt. Do derbäi koum nach datt Weekendtier, guidéiert Wanderungen, a Vakanzen am Ausland ugebuede goufen.

1950/51 huet d'gëllen Zäit fir d'Ajisten ugefaangen. Mam Carlo Hemmer als President an dem Ed Nicolay als Haaptsektretär ass déi néideg Rou a Regelméissegkeet an de Veräi komm. Kuerz duerno sinn och nei Jugendherbergen dobäi komm wéi Buerglënster, Iechternach, Beefort a Beetebuerg.

1964 ass de Service national de la jeunesse (SNJ) entstanen, deen duerch den Drock vun de Responsabele vun de Jugendherbergen entstanen ass. Den SNJ ass bis haut nach e wichtege Partner vum CAJL .

An den 1970er Jore war eng gutt Zäit fir d'Jugendherbergen zu Lëtzebuerg: 100.000 Iwwernuechtunge goufen iwwertraff, a si hu méi wéi 4.000 Membere gezielt. Déi gouf an den 1980er Joren e bësse gebremst a bal 10 Joer si vergaangen, an deenen et net sou gutt gelaf ass.

E 4-Bett-Zëmmer an der Jugendherberg Remerschen

Vun der Mëtt vun den 80er Jore goufen d'Regele bei de Jugendherberge méi labber, déi streng Hausuerdnung gouf a Fro gestallt an Aktivitéitsprogrammer goufen entwéckelt. Déi goufe vum Service national de la jeunesse, vum Service des sports an dem Groupe Animateur ugebueden.

1986 ass d'Fondatioun Lëtzebuerger Jugendherbergen duerch d'Initiativ vum Carlo Hemmer entstanen. Déi Fondatioun war néideg fir d'economesch Stabilitéit a gouf och spéider no hirem Grënner genannt. Duerch d'Fondatioun goufe gréisser Renovatioune finanzéiert a si huet et erméiglecht gréisser Projeten am Beräich vun den Animatiounsaktivitéiten a Schoulreesen ze realiséieren.

Am selwechten Zäitraum gouf d'Altersgrenz vu 26 Joer och ofgeschaaft.

D'Jugendzentren am Märjendall (1992) an Eesebur (1996) gi vum Service national de la jeunesse geleet. Duerch d'Erweiderung vum Jugendherbergsreseau an déi ëmmer méi grouss Attraktivitéit vun der Stad Lëtzebuerg konnten 1993 130.000 Iwwernuechtunge gezielt ginn.

1995 huet awer eng extern Studie gewisen datt ouni Erneierung déi Rekordzuel vun 130.000 séier erëm géif verschwannen. Déi negativ Entwécklung vun den Iwwernuechtungszuelen a Memberszuelen hunn dozou bäigedroen, datt eng schlecht Stëmmung an der Organisatioun opkomm ass.

1996 gouf de Comité vun enger neier Equipe ofgeléist, déi sech als Zil d'Moderniséierung, Verstäerkung vum Marketing, an d'Professionaliséierung vun der ganzer Struktur gesat huet. Dat neit Sekretariat huet méi Gewiicht op d'Publicitéit zu Lëtzebuerg an am Ausland geluecht, an d'Comptabilitéit gouf restrukturéiert, sou datt eng méi séier Kontroll vun der finanzieller Situatioun méiglech war.

De Staat an d'Gemengen hunn d'Renovatiounen an de Bau vun neie Jugendherbergen erméiglecht. Veianen (Neierung 2004), Wolz (2005), Lëtzebuerg-Stad (Renovatioun an Neibau 2005), Iechternach (2006), Remerschen (2007), Esch-Uelzecht (2017).

Dobäi kënnt nach datt d'Jugendherbergen ëmmer méi am soziale Beräich schaffen, an deene Gemengen hëllefen, wou och eng Jugendherberg steet, sief et duerch Maison-Relaisen, Crèchen, Jugendhaiser oder duerch Schoulkantinnen.

Mä et hunn och Jugendherberge missen zoumaachen: Ëlwen (2000), Gréiwemaacher (2003), Ettelbréck (2004), Wolz (2013) a Buerglënster (2017).

2007 war d'Rekordjoer vun den Iwwernuechtungen, d'lëtzeburger Aubergen hunn 141.452 Iwwernuechtunge gezielt.

Lëscht vun de Presidente vun der CAJL

Sozial Ariichtunge vun de Jugendherbergen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2004 leet Zentral zesumme mat de Gemenge verschidde sozial Ariichtungen. Déi Haiser hunn alleguer mam Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse eng Konventioun.

  • Crèche Krunnemécken
  • Maison Relais Remerschen
  • Jugendhaus Vianden
  • Maison Relais/Crèche Beaufort
  • Maison Relais/Crèche Fiels
  • Jugendhaus Fiels

Wanderweeër vun de Jugendherbergen[änneren | Quelltext änneren]

Déi lëtzebuergesch Jugendherberge bidden d'Circuite vun de lëtzebuergesche Jugendherbergen un. Dat sinn dräi Wanderweeër, déi eng Partie vun hinne matenee verbannen.

Lëscht vun de Jugendherbergen[änneren | Quelltext änneren]

Numm vun der Jugendherberg Uertschaft Zuel Better Ëffnungszäiten Grënnungsjoer
Auberge de jeunesse Beaufort Beefort 62 Dat ganzt Joer op
Auberge de jeunesse Echternach Iechternach 118 Dat ganzt Joer op
Auberge de jeunesse Esch-sur-Alzette Esch-Uelzecht 122 Dat ganzt Joer op 2017
Auberge de jeunesse Hollenfels Huelmes 91 Dat ganzt Joer op
Auberge de jeunesse Larochette Fiels 77 Dat ganzt Joer op
Auberge de jeunesse Lultzhausen Lëlz 112 Dat ganzt Joer op
Auberge de jeunesse Schengen/Remerschen Rëmerschen 150 Dat ganzt Joer op
Auberge de jeunesse Vianden Veianen 66 Net ëmmer op 1937
Luxembourg City-Hostel Lëtzebuerg 240 Dat ganzt Joer op

Lëscht vun de fréiere Jugendherbergen[änneren | Quelltext änneren]

Numm vun der Jugendherberg Uertschaft Zuel Better Existenzjoren
Auberge de jeunesse Bilsdorf Bilschdref - Neimillen 80 Feldbetter
+ Campingsplaz
???? - 1956
Auberge de jeunesse Bourglinster Buerglënster 53 1952-2017
Auberge de jeunesse Bur Bur 1939-????
Auberge de jeunesse Ettelbruck Ettelbréck ????-2004
Auberge de jeunesse Grevenmacher Gréiwemaacher ????-2003
Auberge de jeunesse Kautenbach Schüttbuerg > 200 1936-????
Auberge de jeunesse Clervaux Klierf 1934-????
Auberge de jeunesse Mersch Miersch 1934-????
Auberge de jeunesse Redange Réiden 1936-????
Auberge de jeunesse Remich Réimech 1934-????
Auberge de jeunesse Steinfort Stengefort 1933-????
Auberge de jeunesse Troisvierges Ëlwen ????-2000
Auberge de jeunesse Wiltz Wolz bis 2013

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jugendherbergen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Scho kuerz no där Grënnung hunn de Prënz Jang an d'Prinzessin Elisabeth de Patronnage iwwer d'Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de jeunesse iwwerholl.