Diskussioun:Jugendherbergen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ménger Meenung no wier et besser fir dësen Artikel an zwee opzeddelen :

  • een Artikel "Jugendherberg" fir Allgemenges iwwer d'Jugendherbergen (weltwäit)
  • een Artikel "Jugendherbergen zu Lëtzebuerg" fir d'Jugendherbergen zu Lëtzebuerg

--Fliedermaus 15:27, 2. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien
Ass scho geschitt
Les Meloures 15:51, 2. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Wat soll dat Bild op deem näischt ze erkennen ass, an dat mat Caption beschriwwe gëtt. Ass Caption en Insiderwuert dat bei de Jugendherbergen am Gebrauch ass.

Les Meloures 16:22, 2. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ass esou alles ok mat den biller? denken den artikel ass sou wäit faerdeg? Anne


Grand-Duc Jean[Quelltext änneren]

Moien, ech hat dee Saz vum Grand-Duc Jean ausgeblennt, well do eppes net stëmmt. Elo daucht en erëm an de Referenzen op. --Les Meloures 13:14, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Sorry, dat hat ech net esou vertstanen, vläischt wier et besser, fir dat am ausgeblente Saz dran ze schreiwen? --Christian Ries 16:06, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien, Ech hat geduecht wann ee Saz ausgeblennt ass datt eventuell ee sech d'Fro géif stelle firwat. Hat awer do éischter un den Auteur geduecht. Et ass awer schonn droleg datt kengem opgefall ass wat falsch un deem Saz ass. Et ass vläicht ze einfach fir datt et opfällt. Ech wollt och net onbedingt een domat zecken, mä mol éischter ureegen datt een nodenkt éier en eppes schreift. Et ass nämlech esou datt de Jean déizäit guer net Grand-duc war. --Les Meloures 16:12, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Tatsächlech, ech hat emol net dorunner geduecht --Christian Ries 16:18, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Reihefolleg vun de Kapitelen[Quelltext änneren]

Mojen, wann een op deen Artikel geet, wéisst een jo gären fir d'éischt emol, wéivill a wat fir eng Jugendherbergen et zu Lëtzebuerg ginn. Als zweet ass sécherlech d'Geschicht, dono nach weider Themen interessant. Ech hunn d'Tabell dofir erëm eropgesat. --Christian Ries 16:21, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, wanns de mengs. Et ensprécht just net dem Opbau vun engem Wikipedias Artikel. An all Artikel sti Lëschten zum Schluss. Mä no engem Iwwerschaffen an iwwer 200 Feeler déi ech am Artikel verbessert hunn, inklusiv de systematesche falsche Gebrauch vun de Wikizeechen, wëll ech elo keng Zäit méi bei subjektiven Opfassunge verléieren. --Les Meloures 18:56, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Salut Les meloures, ech hunn elo en Aféierungssaz un den Ufank gesat an d'Tabell als lescht Kapitel vum Artikel zréckgesat. --188.115.26.195 19:14, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Uups, war erëm net ageloggt, also ech hunn déi lescht Ännerungen ënnert der IP 188.115.26.195 gemaach. --Christian Ries 19:18, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Flott merci. Les Meloures 19:25, 6. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech fannen d'Säit elo tiptop an sooen dem Meloures villmols Merci fir déi vill Arbescht.d'Bicher sin enerwee.anne pannrucker

Jugendherberg zu Bur[Quelltext änneren]

Moien,

Wou war déi Jugendherberg vu Bur? Zu Bur (fr: Born) an der Gemeng Mompech oder zu Bur (fr: Bour) an der Gemeng Tënten?--Fliedermaus 12:18, 10. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat war Bur un der Sauer (Gemeng Mompech) Quell--Fliedermaus 13:39, 14. Mee 2010 (UTC)[äntweren]