Jugendherberg

Vu Wikipedia

Jugendherberge sinn Installatiounen, déi Touristen fir eng gewëssen Zäit, d'Méiglechkeet bidden, bëlleg en Ënnerdaach fir d'Nuecht ze fannen. Se hunn dofir Zëmmeren, déi sief et als Dortoir vu bis zu sechs Persounen, oder als Duebel- oder och Eenzelzëmmer zur Verfügung stinn. D'Sanitäranlage kënne kollektiv oder separat sinn, jee no der Formule déi ee sech eraussicht. Den Numm Jugendherberg seet ons datt s'am Ufank just fir jonk Leit geduecht waren, déi reese wollten, an net vill Suen an der Täsch haten. D'Altersgrenz gouf am Laf vun der Zäit opgehuewen, sou dat hautdesdaags all Altersgrupp dovu profitéiere kann.

Auberge gi vun A.s.b.le geleet, déi Member bei der IYHF sinn. Dobäi kënnt, datt all Auberge sech gewësse Qualitéitskrittäre muss stellen, wéi Sécherheet, Propretéit, Zougänglechkeet, Confort a Privatsphär. All Auberge soll och de Grondgedanke vun Toleranz an Ëmweltschutz respektéieren.

D'Zëmmeren hunn haut en zäitgeméisse Standard a vill vun hinnen hu souguer en eegene Sanitärberäich. Schlofsäck gëtt et aus hygienesche Grënn keng méi, mä dofir ass d'Bettwäsch am Präis abegraff. Et gëtt speziell Familljenzëmmer, Duebelzëmmer a souguer Eenzelzëmmer. All déi nei Jugendherberge si behënnertegerecht ageriicht. Mä entspriechend vun der Iddi vun de Jugendherberge bleiwen d'Zëmmeren awer schlicht an einfach, z. B. gëtt et kee Fernsee oder Minibar.

Motto vun de Jugendherbergen[änneren | Quelltext änneren]

Zil ass et Leit vun all Alter, Behënnerten, Leit déi net sou vill Suen hunn, ze motivéieren eraus an d'Welt ze goen an aner Leit, Länner a Kulture schätzen ze léieren. Et soll ee seng Toleranz erweideren a virwëtzeg ginn op all Neies. Och den Naturschutz war vun Ufank u wichteg fir d'Jugendherbergsiddi.

Fir datt dat méiglech gëtt, existéiert e weltwäit Netz vu bëllegen Iwwernuechtungsméiglechkeeten wou keen Ënnerscheed tëscht Rass, Nationalitéit, Relioun, Geschlecht oder politescher Astellung gemaach gëtt. Doduerch soll méi Verständnes ënnerenaner entstoen, souwuel op nationalem wéi op internationalem Plang.

Dofir bidde verschidden Aubergen hire Gäscht z. B. eng Kichen an där zesumme ka gekacht ginn[1], Säll mat Spiller, eng Bibliothek asw., oder organiséiere gemeinsam Fräizäitaktivitéiten, Sportsorganisatiounen, oder Jugendtreffen.

Geschicht vun de Jugendherbergen[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Jugenherberg zu Altena

D'Joer 1909 gëtt als Gebuertsjoer vun der internationaler Jugendherbergsbeweegung ugesinn. An dem Joer ass den däitsche Schoulmeeschter Richard Schirrmann op d'Iddi komm, en Netz vu Jugendherbergen opzebauen, wou d'Kanner wärend de Schoulwanderunge sécher iwwernuechte kéinten.

1912 gouf dunn op der Buerg Altena, an Nordrhein-Westfalen déi éischt Jugendherberg op der Welt opgemaach. Mat villen Unhänger, war et méiglech datt e ganzt Netz vu Jugendherbergen an Däitschland an nëmmen e puer Joer entstanen ass.

1920 si weider Jugendherbergsverbänn an anere Länner entstanen, déi sech am Joer 1932 zu enger internationaler Aarbechtscommunitéit an 1934 zu engem Mammeverband, der International Youth Hostel Federation (IYHF) zesummegeschloss hunn.

Jugendherbergen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

1933 gouf zu Lëtzebuerg déi éischt Jugendherberg opgemaach.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jugendherbergen zu Lëtzebuerg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jugendherbergen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der Jugendherberg vun der Île de Batz