Pierre-Joseph Müller

Vu Wikipedia
Pierre-Joseph Müller
Gebuer 21. Februar 1894
Gestuerwen 7. Januar 1978
Aktivitéit Historiker

De Pierre-Joseph Müller, gebuer den 21. Februar 1894 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 7. Januar 1978, war e lëtzebuergeschen Historiker a Lycéesprofesser[1],[2].

Am Ufank vu senger Karriär war de Pierre J. Muller Sproocheprofesser am Dikrecher Kolléisch, duerno koum hien 1928 an de Meedercherslycée an d'Stad, an 1934 an den Atheneum.[1].

Duerch d'Initiativ vum P. J. Müller an dem deemolege Generalsekretär vun der Union des villes et centres touristiques Jérôme Anders, ass de 26. August 1933 zu Stengefort déi éischt lëtzebuergesch Jugendherberg opgaangen[3]. Wéi den 19. Abrëll 1934 d'Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de la jeunesse gegrënnt gouf[4], ass de Pierre J. Müller President dovu ginn. 1937 ass hien op Propositioun vum Marc Sangnier och President vum internationale Jugendherbergsverband (International Youth Hostel Federation - IYHF) ginn[5].

Wéinst senger politescher Haltung wärend der Nazi-Occupatioun ass de P.J. Muller den 30. Mäerz 1948 vu senge Funktiounen als Professer mat Réckwierkung op den 19. September 1944 revoquéiert ginn[1].

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, 1932 (Neuauflage 1939, 1963, 1968).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Lech, L'Association des professeurs durant les crises avant, pendant et après la Seconde Guerre mondiale (1930-1955) ; in: 100 ans - Chronique de l'APESS, erausgi vun der APESS (Dikrech) & vun den Auteure selwer, 2006; Drock: REKA s.a., Leideléng; 525 Säiten; vgl. besonnesch d'Ss. 193-196 (ad: P.J. Müller), am Kapitel Les collaborateurs dans les rangs de l'Association des professeurs!
  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, 125 S. (Muller Pierre-Joseph: S. 68-69).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Lang 1967.
  2. G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 307.
    R. Bour: Portraits: Wer ist wer in Luxemburg? Luxembourg 2000, S. 168f.
  3. M.W.: Jugendherbergen. Ligue Nationale Luxembourgeoise pour les Auberges de la Jeunesse. In: A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1938, Jhg. 6, Nr. 15 (10. April), S. 4-5. [1]; Nr. 16 (17. April), S. 4-6. [2]
  4. Gründung des Nationalverbandes lux. Jugendherbergen. In: Escher Tageblatt 1934, Nr. 93 (21. April), S. 6. [3]
  5. P.J. Muller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Luxembourg 1968, S. 377. — De Müller gëtt iertemlecherweis den 3. August 1934 als Grënnungsdag vum dem lëtzebuergesche Verband vun de Jugendherbergen un.