Op den Inhalt sprangen

Groupe Animateur

Vu Wikipedia
Groupe Animateur
Rechtsform Association sans but lucratif
Sëtz Lëtzebuerg
  138, bd. de la Pétrusse
Presidentin Lena Divo
RCS F5117

De Groupe Animateur ass eng eng lëtzebuergesch ASBL, déi am Beräich vun der Animatioun vu Kanner a Jugendlecher aktiv ass. De Veräin organiséiert an de Schoulvakanzen Campen a Kolonien a bitt och verschidde Weekender iwwer d'Joer verdeelt un. Donieft organiséiert d'Associatioun och verschidde Formatiounswochen a -weekender fir de Brevet vum Animateur de loisirs ze kréien. All dës Aktivitéite ginn an enker Zesummenaarbecht mam Service national de la jeunesse (SNJ) organiséiert.

Grënnung a Geschicht

[änneren | Quelltext änneren]

De Groupe Animateur gouf 1982 vu verschiddenen Animateuren, déi beim SNJ geschafft hunn, gegrënnt.[1] Zanterhier funktionéiert de Groupe Animateur als ASBL déi un d'Lëtzebuerger Jugendherbergszentral (CAJL - Centrale des auberges de jeunesse luxembourgeoises) affiliéiert ass. Sou ass de Sëtz vun der Associatioun och dee vun der CAJL.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 223: 10682 aus dem Joer 1983.