Jean Mersch-Wittenauer
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jean Mersch-Wittenauer | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
6. Februar 1819 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
25. November 1879 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter vu Lëtzebuerg |
| Famill | |
| Geschwëster | Charles-Frédéric Mersch |
| Kanner | Fritz Mersch, Karl Mersch |
|
| |
De Jean Mersch-Wittenauer, gebuer de 6. Februar 1819 am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 25. November 1879, war e lëtzebuergeschen Duchhändler a Politiker.
Hie war Member vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess an och eng Zäitlaang President vun der Handelskummer. Vun 1869 bis 1873 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. De Mersch-Wittenauer gëllt als den Initiator vum Stater Päerdstram a vum Hollerecher Schluechthaus[1].
Hie war de Papp vum Affekot, Politiker an Distriktskommissär Fritz Mersch.
Fir un hien z'erënneren ass 1966 eng Strooss zu Märel no him genannt ginn: d'Rue Mersch-Wittenauer[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Was bedeiten die Straßennamen der Stadt?, ons stad, Nr 25/1987
- ↑ Rue Jean-Mersch-Wittenauer an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
| Virgänger: Théodore Eberhard | Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1869 - 1873 | Nofollger: Charles Simonis |
