Kierch Lëtzebuerg-Pafendall

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Pafendall)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch am Pafendall
D'Kierch mam Théiwesbur
D'Kierch mam Théiwesbur
Uertschaft / Plaz Pafendall
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Téiwes
Konsekratioun 1872
Architekt(en) Charles Arendt
Koordinaten 49° 36’ 57.4’’ N
06° 07’ 58.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch am Pafendall ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Henri Hamus.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Téiwes (St. Matthieu)[1], deem säi Fest den 21. September gefeiert gëtt.

Se steet am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg nieft dem Théiwesbur op der Kräizung vun der rue St. Matthieu an der rue Vauban, dem CR218, mat der rue du Pont, wou d'Bréck iwwer d'Uelzecht féiert.

Zur Par Lëtzebuerg-Pafendall gehéiert ausser der Pafendaller Parkierch och nach d'Kapell vum Sichenhaff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Voigt-Uergel vun 1903.

1847 huet déi éischt Pafendaller Kierch hir Dieren opgemaach. Si gouf no de Pläng vum Jean-François Eydt, deen Architekt vun der Stad Lëtzebuerg war, gebaut. Kuerz duerno goufen de Pafendall an de Sichenhaff vun der Par Sankt Méchel lassgeléist an als eege Par etabléiert.[2]

D'Kierch nom J.-F. Eydt war e véiereckegt Gebai mat Glaskuppel am byzantinesche Stil. Well et ënner der Glaskuppel am Summer ze waarm an am Wanter ze kal war, gouf no engem Neibau gefrot.[3]

Déi al Kierch gouf doropshin ofgerappt an 1872 gouf déi haiteg Kierch, déi no de Pläng vum deemolege Staatsarchitekt Charles Arendt am neobyzantinische Stil gebaut gouf, vum Bëschof Nicolas Adames ageweit.[3]

Vun 1861 bis zu sengem Doud am Joer 1902 war de Laurent Menager Organist an der Kierch. (Cf. d'Plack lénks nieft der Kierchenentrée).

1903 gouf eng nei Uergel vun der Firma Voigt&Söhne installéiert.[3]

Ëm 1920 goufen déi haiteg Kierchefënsteren agesat. Si goufe kuerz virun 2010, zesumme mat der Uergel, restauréiert.[3]

Am Zweete Weltkrich huet den deemolege Paschtouer Ries a säi Koschter ënner Liewensgefor eng Partie vu Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierter während 14 Méint am Kierchtuerm verstoppt, Zwangsrekrutéierter, déi net an enger preisescher Uniform kämpfe wollten. Et waren dat de Vic Fischbach, de René Schiltz, de Gaston Kerger, den Nicolas Schaefers, den Emile Schaefers an de Lucien Kraus.[4]

1947, bei der Geleeënheet vun der Joerhonnertfeier vun der Par, gouf nieft der Kierch den Don Bosco-Veräinslokal gebaut. E gëtt haut (2010) vu portugisesche Folklorgruppe fir déi Jonk benotzt. (Cf. Schëld iwwer der Entrée).

1979 waren déi bis haut leschte Renovéierungsaarbechten un der Kierch ofgeschloss.[3]

Series pastorum[änneren | Quelltext änneren]

  1. Mathias Bots, 1855–1861
  2. Anton Koecher, 1861-1894
  3. J.P. Mergen, 1894-1899
  4. Nikolaus Biwer, 1899-1910
  5. Nikolaus Freresm 1910-1912
  6. Ferdinand Joachim, 1912-1937
  7. Jean-Pierre Ries, 1937-1956
  8. Roger Kinsch, 1956-1982
  9. Charles Pantenburg, 1982-1989
  10. Pierre Ries, 1988-2006
  11. Jos Morn, 2006-2010
  12. Bert Deischter, 2009-

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fischbach, Victor, 2000. Versteckt in der Kirche von Pfaffenthal. ons stad 71, S. 16-17, ill.
  • Loutsch, J.-C., 1982. La famille Eydt de Neumühle-lez-Luxembourg. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall, S. 240-264. Dréckerei Service-Print Lëtzebuerg, 280 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Offiziell Websäit vun der Par
  2. J.-C. Loutsch 1982.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 F.T. = Fernand Théato, Websäit vun der Par Pafendall
  4. Victor Fischbach: Versteckt in der Kirche von Pfaffenthal Ons Stad, Nr. 71, Dezember 2002, S. 16-17