Op den Inhalt sprangen

Gousseldeng

Vu Wikipedia
Gousseldeng
Goussel
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Gosseldange
de: Gosseldingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Lëntgen
Buergermeeschter Louis Pinto
Awunner 516
  2012
Héicht 219 m
Koordinaten 49° 43’ 39’’ N
      06° 06’ 52’’ O
Grott am Gousseler Bësch

Gousseldeng (lokal: Goussel[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Lëntgen.

Gousseldeng gëtt 940 fir d'éischt an engem offiziellen Dokument genannt.[2]

Architektonesche Patrimoine

[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptdeel vum architektonesche Patrimoine läit am historeschen Zentrum vu Gousseldeng. Bemierkenswäert ass, datt déi éischt Kapell vu Gousseldeng, zesumme mam Paschtoueschhaus, direkt op der Kräizung vun der route de Mersch mat der rue des Forêts louch[3]. Déi nei Kierch aus dem 19. Joerhonnert gouf knapp honnert Meter méi südlech, op der selwechter Stroossesäit gebaut. Ronderëm dëst Gebai leien déi denkmalwürdeg Gebaier, meeschtens landwirtschaftlech Kulturgidder.[4]

Gousseldeng läit Loftlinn ronn ee Kilometer nordwestlech vum Chef-lieu Lëntgen am Dall vun der Uelzecht, déi ëstlech vum Duerf fléisst. Vum Duerfzentrum aus leeft den CR101 (route de Schoenfels) a Richtung Westen op Schëndels. Am Géigesaz zu den aneren Dierfer an der Gemeng, Pretten a Lëntgen, leien déi meescht Gebaier op der Haaptstrooss (route de Mersch, CR101 am südlechen an CR123 am nërdlechen Deel) déi op Miersch féiert.

Westlech vum Duerf läit den Hiwwel vum Gousseldenger Bësch, wou eng Grott aus dem Joer 1945 dokumentéiert ass. Zënter 2007 leeft och e groussen Deel vum 2.695 Meter laangen Tunnel Gousseler Bierg vun der Autobunn A7 duerch den Hang.[4]

An der Gemeng Lëntgen hunn den 1. Mäerz 2012 2.700 Leit gewunnt, dovu 516 an der Uertschaft Gousseldeng[5], dat sinn 19,1 % vun der gesamter Gemengepopulatioun. Dobäi waren d'Lëtzebuerger mat 69 % (356 Persounen) déi am meescht vertrueden Nationalitéit, virun de Portugise mat 15,3 % (79 Persounen), de Fransouse mat 3,1 % (16 Persounen) an den Däitsche mat 1,9 % (10 Persounen).

 Commons: Gousseldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
  2. (fr) Histoire. Lintgen (04.01.2021). Gekuckt den 11.11.2025.
  3. LINTGEN B 1 (PNG). Kataster Urpläne. acts3.geoportail.lu. Gekuckt den 11.11.2025.
  4. 4,0 4,1 (de) Inventar der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg, Gemeinde Lintgen (PDF) S. 21-23. inpa.public.lu. Gekuckt den 11.11.2025.
  5. lintgen.lu: La commune en chiffres (gekuckt den 13. Januar 2013)