Diskussioun:Uelzecht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir d'éischt hate mer Däitsch-Oth, elo hu mer Thil. Et wier ganz interessant, emol Quelle vun der Quell unzeginn, well de Problem ass vill méi komplizéiert wéi dat sech hei ugesäit. --Cornischong 16:26, 1 Oktober 2005 (UTC).

Ënnert der Rubrik "Nieweflëss" gesin ech d'"Eech". Sou eng Baach kennen ech net, wat awer net heescht datt e se net gët. Par contre, gët et eng "Äisch", déi zu Miersch an d'Uelzecht leeft. --Carlos 07:58, 11 Oktober 2005 (UTC)

De Parcours zu Esch[Quelltext änneren]

"Zu Esch leeft d'Uelzecht ënner der Kanal-, Liberatiouns- an Uelzechtstrooss erduerch " Bei der Uelzechtstrooss si mer eis eens. Mee bei der Kanal- a Liberatiounsstrooss hunn ech grouss Zweifelen. --Cornischong 20:08, 24 Mee 2006 (UTC)